NOAA: Dezember soll ze waarm, mee naass genuch ginn

Et ass Enn November, also kucke mir elo mol kuerz op dat, wat eis am Dezember ustoe kéint.

Alt erëm en ze waarme Mount?

Dësen Artikel ass keng Prognos, mee beschreift dat, wat de Laangzäitmodell CFS vun der NOAA fir de Mount Dezember op eis duerkomme gesäit. Et ass méi wéi eng Estimatioun opzefassen, déi deemno wéi tatsächlech d’Richtung ugi kann, an déi et goe kéint. An de leschte Méint huet dat schonn heiansdo gutt geklappt.

Grafiken: NOAA / NWS

Den aktuelle Stand ass deen, dass de nächste Mount erëm mat liicht iwwerduerchschnëttlechen Temperature gerechent gëtt. Kréie sech dës Simulatioune wierklech duerchgesat, da géifen d’Temperaturen am Dezember am Duerchschnëtt gesinn ëm 2 Grad ze waarm ausfalen. D’Duerchschnëttstemperatur an engem Dezember läit zu Lëtzebuerg bei 1,8 Grad, dëser Simulatioun no kéinte mir also an engem Beräich landen, deen ongeféier 2 Grad driwwer läit. Mee wéi ëmmer gëlt: dëst ass alles just eng Saach vu Moyennen. Dotëscht sinn trotzdeem mol méi kill/wanterlech Ofschnëtter méiglech, déi just warscheinlech ëmmer erëm vu méi mëlle Loftmassen ënnerbrach ginn.

De November geet héchstwarscheinlech mat enger quasi nidderschlagsfräier Phase op en Enn. Den Dezember soll dem CFS Modell no normal verlafen, also duerchschnëttlech ouni eng gréisser Anomalie. Am Duerchschnëtt reent et iwwert de ganzen Dezember 86,7 l/m².