NOAA: Kaum Chance op Schnéi dëse Wanter?

Virun e puer Méint haate mir schon engkéier zesummen op d’Laangzäitmodeller gekuckt. Mëttlerweil hunn dës scho rem bësse geännert, soudass et Zäit vir en Update gëtt.

Aschätzungen, keng Prognosen

Als Laangzäitmodell siche mir eis vir dësen Artikel den  CFS-Modell (Climate Forecast System) vum amerikanësche Wiederdéngscht NOAA aus, mat deem een bis zu 9 Méint an d’Zukunft kucke kann. Et handelt sech dobäi natierlech net em genee oder verlässlech Prognosen, mee leedeglech ëm Aschätzungen. D’Wiedergeschéie baséiert quasi op engem “Chaos-Prinzip”, soudass déi geréngst Ännerunge zu komplett anere Resultater féiere kënne, mee net mussen. Och wann d’CFS-Berechnunge vir déi vergaange Méint net sou falsch waren, sollt een déi nächst Zeilen éichter als experimentell ugesinn a net als eppes definitives. Kee wees wéi de Wanter gëtt.

Video vum 08. November 2018

November 2018

Nidderschlags-Anomalie

Temperatur-Anomalie

Dem Laangzäitmodell zitt sech d’Drëchent bis wäit an de November eran. Nidderschléi sinn tëschenduerch méigleg, et geet awer net duer, de Reemangel auszegläichen. Mat dobäi kënnt, dass de Mount liicht ze waarem ausfaale kann. Aus aktueller Siicht gesinn ass dëst souguer zimmlech wahrscheinlech, well d’Temperature sech an de leschten Deeg schon an engem ze waarme Beräich opgehaalen hunn.

Dezember 2018

Nidderschlags-Anomalie

Temperatur-Anomalie

Vir den Dezember gesäit et a Saache Reen wäitgoend duerchschnëttlech aus, waat d’Nidderschlagsquantitéiten ugeet. Trotzdem wier et, falls de November scho rem ze drëchen ausfaale sollt, ganz onwahrscheinlech, dass eis den Dezember aus der Drëchent erausbrénge kann. Dem Modell no soll de Mount och däitlech ze waarem ausfaalen.

Januar 2019

Nidderschlags-Anomalie

Temperatur-Anomalie

Den CFS rechent aus aktueller Siicht mat engem Wandel am Januar, bei deem et däitlech méi reene géif. Et wier mat enger gréisserer Anomalie ze rechnen, déi de Mount ze naass ausfaale losse géif. Kuckt een awer d’Temperaturen, da kéint d’Wahrscheinlechkeet vu Schnéifall duerch iwwerduerchschnëttlech héich Werter ënnerdreckt ginn.

Februar 2019

Nidderschlags-Anomalie

Temperatur-Anomalie

Am Februar beweege mir eis op béiden Ebenen op méi “normal” Werter duer. Et soll nëmme minimal ze naass ginn, d’Temperaturanomalie soll dobäi och bëssen zréckgoen. Schlussendlech ass et awer trotzdem ze naass an ze mëll.