NOAA: November kéint liicht ze waarm an ze dréchen ausfalen

Geschwënn hu mir eng Woch vum November hannert eis. Et zeechent sech schonn en éischten Trend of.

En ze naasse November?

Eng Woch vum November 2020 ass schonn esou gutt wéi verstrach. Et huet sech en Héichdrockgebitt breetgemaach, wat de Weekend just kuerzzäiteg vu liichtem Déifdrockafloss gestéiert gëtt. Sou wéi d’Modeller et gesinn, solle mir bis iwwer d’Hallschent vum November eraus nach oft ënner méi stabilem Héichdrockafloss leie, wat definitiv géint gréisser Reequantitéite schwätzt. Mee kucke mir mol, wat d’Laangzäitmodeller esou fir de Rescht vun dësem Mount berechnen.


Di méiglech NIdderschlagsanomalien fir de Rescht vum November | (c) NOAA

Den CFS- Modell (CFS= Climate Forecast System) vum amerikanesche Wiederdéngscht NWS / der NOAA ka bis zu engem hallwe Joer an d’Zukunft rechnen. Natierlech sinn dës Simulatioune méi als Estimatiounen opzefaasse wéi Prognosen, mee heiansdo kann ee Bléck op de Rescht vum aktuelle Mount awer mol aussoen, a wéi eng Richtung et goe kéint. Et si nämlech Parallelen ze fannen tëscht dem aktuellen CFS an de Berechnunge vun de Kuerz- a Laangfristmodeller. Dës berechne jo, wéi gesot, an Zukunft nach méi oft mat méi stabilen Héichdrocklagen, wat mam momentane Laf vum CFS iwwerdeneepasst. Laut dësem soll de November nämlech erëm en ze dréchene Mount ginn, nodeems den Oktober iwwerduerchschnëttlech naass bei eis ausgefall ass. Fir de November gëtt eng Anomalie vu -0,6 l/m²/Dag gerechent, wat op de Mount gerechent ëm 18 l/m² sinn. Et kéint also sinn, dass mir Ufanks Dezember op e November zréckkucken, an deem et ongeféier 18 l/m² ze mann gereent huet. Wat d’Temperaturen ugeet rechent den CFS keng gréisser Anomalie. Et sollt héchstens mol ëm 0,5 Grad ze waarm ginn, wat net wierklech vill ausmécht.

Video vum 05. November 2020

Och am Video vum 05. November zeechent sech schonn of, dass et wierklech kéint an d’Richtung vun engem ze dréchene November goe kéint.