Zanter dem Donneschden deite verschidde Modeller schonn erëm Signaler fir e weidert markant Reegebitt un, dës Kéier fir en Dënschden. Wat bis elo gewosst ass, fannt Dir an dësem Artikel.
Advertisement
Änlech Wiederlag en Dënschden
Änlech wéi et e Freiden de Fall war, wäert sech och en Dënschden en Déifdrockgebitt aus den Alpen eraus a Richtung Nordwesten beweegen an dobäi erëm Deeler vun Ost/Nordostfrankräich, Däitschland an och BeNeLux beaflossen. Zesumme mat dësem Déif géifen och méi waarm Loftmassen an eis Géigende gepompelt ginn, déi dann gemeinsam zu enger fiichtwaarmer Loftmass bäidroen.
An dëser kënnen also dann net nëmmen Donnerwieder entstoen, mee och d’Nidderschléi u sech forméiere sech ëmmer nei. D’Gefor vun Iwwerschwemmungen duerch grouss Reenzommen bleift also weiderhi bestoen.
Wéi vill Reen gëtt berechent?
Et kann een elo nach net exakt soen wéi vill, mee mir kucken eis geschwënn d’Modeller dozou un. Alleng duerch déi aktuell Modeller gesäit een awer, dass Lëtzebuerg op alle Fall am potenzielle Risikogebitt läit. Dat alleng ass Grond genuch, fir d’Situatioun elo Modelllaf fir Modelllaf genee am Aen ze halen.
Folgendes gëtt vun e puer erausgesichte Modeller berechent, Reenzommen an Zäit vu 24 Stonnen:
- GFS: 13 – 21 l/m²
- ECMWF: 15 – 65 l/m²
- ICON-EU: 20 – 50 l/m²
- Swiss-MRF: 15 – 60 l/m²
- GEM: 13 – 34 l/m²
Aktuell Moyenne: 15,2 bis 46 l/m² (Stand: 18.05.2024 – 14:29)
Dir gesitt, d’Spaane fale nach zimmlech breet aus. D’Signaler fir markant a warnrelevant Zommen existéieren awer op alle Fall. Esou wéi et och gëschter war, muss och fir en Dënschden beduecht ginn, dass d’Reenzommen aus de Modeller meeschtens just grob sinn. Punktuell begrenzt kann et also iwwer dat Berechent erausgoen.
Egal wéi et kënnt, mir taaschten eis vun elo un Stéck fir Stéck un d’Situatioun erun.