Nom Schnéi: Scho gläich rem méi waarem

Um Dënschde koum et, wéi virausgesoot, zu Schnéischaueren. Op den enge Plaatze vir d’éicht vir dës Saison, op anere scho vir d’zweet. Scho vum Nomëtten un ass de Schnéi scho rem a Reen iwwergaangen.

Et gëtt lues méi mëll

Um Dënschden ass en Déifdrockgebitt aus südleche Richtungen op Lëtzebuerg eropgezu komm. Op der Récksäit vum Déif goufe kuerzzäitëg kill Loftmassen bei eis gelenkt, déi de Reen a Schnéi oder Schnéireen iwwergoe geloss hunn. Zäitgläich huet sech d’Déif zu engem klenge Stuermdéif entwéckelt, soudass ab dem spéidere Nomëtte stiermësch Wandstéiss gemooss goufen. Dëst war awer nach kee richtëge Wanterabroch, an de nächsten Deeg gëtt et nämlëch scho rem liicht méi mëll.

Kuckt een déi aktuell Ensemblerechnungen, da gesäit een wéi sech d’Wieder bis Enn der Woch entwéckle kéint. Sou wéi et ausgesäit, gi rem vir eng Zäit méi mëll Loftmassen an eis Géigende geschéckt, déi de liicht wanterlëche Charakter verdränge wärten. Sou sinn um Donnëschde scho rem Temperature vun iwwer 10 Grad ze erwaarden, daat bei liichtem Reen. Vill sollt do allerdéngs net eroofkommen. An den Deeg drop gëtt de Reen rem méi rar, iwwert de Weekend kéint sech souguer rem méi sonnëgt Wieder astellen. D’Temperature beweege sech weiderhin an engem mëlle Beräich, 15 Grad an driwwer si plaatzeweis méigleg.

GEFS Ensemble (meteociel.fr)