Nuecht/Muer de Moien: Mesoscale Convective System kënnt an eis Géigenden

Wéi schon op der Facebooksäit an zanter de Moie 7 Auer an der Virwarnung erwähnt, erwaart eis an dëser Nuecht resp. muer um fréie Moien en MCS. Daat interessantst dorunner: Et zitt entweder hoerschaarf un eis laanscht, oder et trëfft eis.

Convective Outlook

Zanter den Owend 19:40 Auer hunn ech en détailléierte Bericht (CO) zu der ganzer Situatioun geschriwwen. Dëse fënnt een hei oder andeems een op d’Bild dréckt/klickt. Virun allem am äußerste Westen a Südweste vun Däitschland besteht d’Gefor vun extremen Onwiederen duerch Reequantitéite vun iwwer 100 l/m² an doraus resultéierend Iwwerschwemmungen.

Modellvergläich

AROME

Dem Arome no wärt de System muer de Moie fréi enner liichter Ofschwächung a Richtung Lëtzebuerg ausscheren.

ICON

Dese Modell berechent, dass de System ganz knapp u Lëtebuerg laanschtzitt.

HARMONIE

Dem HARMONIE no gëtt Lëtzebuerg voll getraff.

ARPEGE

Dem Arpege no zitt de System a méi enger grousser Distanz östlech laanscht.

D’Modeller si sech also nach net secher, wéi genee et zéie wärt. Op der Facebooksäit gidd Dir stänneg um Laafende gehaalen.

Méi Informatioune kritt Dir ënnert anerem op der Wiederwarnsäit oder och op Facebook!