Och net fir “5 Minutten”: Keng Kanner an Déieren am Auto sëtze lossen

Et muss mol net all ze waarm dobausse sinn, fir dass den Auto a kuerzer Zäit eng déidlech Fal gëtt.

Auto als Doudesfal

Trotz all den Hiweiser kënnt et leider nach vill ze oft vir, dass Kanner oder Déieren fir déi berüümt “5 Minutten” am Auto sëtze geloss ginn. Iwwerdeems schéngt d’Sonn ongestéiert op den Auto, wouduerch dëse sech a kuerzer Zäit am Banneraum signifikant erwiermt. D’Baussentemperatur muss mol net all ze héich sinn fir dass aus dem Auto eng potenziell Doudesfal gëtt.

Scho wann een eng Stonn bei 20 Grad Baussentemperatur am Auto zréckgeloss gëtt, besteet Liewensgefor.

Hëtzt fir Kanner besonnesch geféierlech

Kanner huelen dräi mol souvill Hëtztenergie op wéi Erwuessener. Dat ass de Grond, firwat d’Hëtzt am Auto fir Kanner besonnesch geféierlech ass. A well se eng méi kleng Kierperuewerfläch hunn, schweesse se manner gutt a manner vill. D’Energie, déi se duerch d’Hëtzt also ophuele, kënne se nëmme schlecht erëm ofginn.

Hënn a Kaze schweesse net

Anescht wéi mir Mënsche schweessen déi meescht Déiere net. Wann et ëm Déiere geet, sinn et meeschtens Hënn a Kazen déi am Auto sëtze geloss ginn. Se kille sech duerch Hächelen, wat awer net méi hëlleft, wann d’Loftfiichtegkeet am Auto ze héich ass. Och wann d’Sonn net direkt op den Auto schéngt an d’Fënster nëmmen e klenge Sputt op ass, kann et fir d’Déiere scho geféierlech ginn.