Ofschlossklasse-Spezial: D’Wieder vir Lloret de Mar

Wéi all Joers verbréngen iwwer 1000 Lëtzebuerger Schüler a Studenten hir Zäit tëschent dem 19. a 26. Juni zu Lloret, vir hiren Ofschloss ze feieren. E klengen Iwwerbléck zum Wieder gëtt et hei.


Meeschtens knapp ënner 30 Grad

Am grousse Ganze gesinn soll et während der ganzer Openthaltsperiod zu villen a laange sonnege Momenter kommen. Réicht ab dem Samsden soll et zu e bësse méi Wollécke kommen, de gréisste Reerisk besteet awer méi wäit um Land selwer.

Bis de Samsden haale sech d’Temperaturen dagsiwwer bei em 24 bis 28 Grad op. Ab dem Samsde bis de Mëttwoch klammen d’Temperaturen all Dag e klengt Stéckchen, soudass d’Wäerter ëmmer méi no un d’30 Grad kommen an se demno wéi och knapp knacke kënnen. D’Temperature gesi net sou héich aus, mee zesumme mat der Loftfiichtegkeet kënnen des sech direkt em e puer Grad méi waarm ufillen.

An de Nuechten ass keng richteg Ofkillung ze erwaarden. D’Temperature ginn op héchstens 22 bis 18 Grad zréck.

Duerch en UV Index tëschen 8 an 10 gëtt dringend geroden, sech géint d’Sonn ze schützen.

Temperatur- a Nidderschlagsverlaaf vir Lloret (meteociel.fr)