Drëchensten Oktober zanter 30 Joer, an elo?

Rezent hunn ech op der Météo Boulaide Facebooksäit ugekënnëgt, dass vir déi nächst Zäit keng, resp. nëmme wéineg Nidderschléi ze erwaarde sinn. Mëttlerweil klëmmt glécklecherweis d’Wahrscheinlechkeet vun enger méi naasser Variant.

Mat Chance demächst méi Reen

Dass d’Joer 2018 bisewell vill ze drëchen ausgefall ass, dierft kengem entgaange sinn. Virun allem de leschte Mount huet sech a Saachen Drëchent bemierkbar gemaach: zu Lëtzebuerg war et den drëchensten Oktober zanter 30 Joer.

Vir de Recht vun dëser Woch gesäit et weiderhin no näischt nennenswertem aus, waat d’Nidderschléi ugeet. Déi héchst Wahrscheinlechkeet vu Reen erwaart eis ab dem spéide Mëttwoch / Donnëschden, wou eis e Frontesystem passéiert, bis hin iwwert de Weekend. Bis de Freide soll et sech ëm Quantitéiten vun ëm 3 l/m² handlen. Ab dem Weekend selwer kéint e bësse méi eroofkommen.

GFS mat naasser Léisung

Duerch e weidere Frontesystem wiere vum Samsden un bis an déi nei Woch eran no laanger Zäit rem nennenswert Nidderschlagsquantitéiten ze erwaarden, sou berechent et zumindest den amerikanësche Wiedermodell GFS. 15 bis 30 l/m² sinn am Beräich vum Méiglegen. Et muss een awer direkt betounen, dass dës Berechnunge nach mat enger gréisserer Onsëcherheet ze kennzeechne sinn.

Nach e kuerzt Wuert zu den Temperaturen: vum Donnëschden bis viraussiichtlech de Méinde ginn se e klengt Stéck am Dag zréck. Déi Zäit drop solle se sech dann awer rem an engem Beräich vu maximalen 10 bis 16 Grad apendlen.

Den Détail zu de Prognose fannt Dir wéi ëmmer op der Prognose-Säit oder och op Facebook.

GEFS Ensemble (meteociel.fr)