Omega-Wiederlag: Kaum Reen an ze héich Temperaturen

No dem groe Wieder vum leschte Weekend ass et Stéck vir Stéck besser ginn. Ab dem Mëttwoch setzt sech awer stabilen Héichdrock duerch, deen e gréisseren Effekt wärt hunn.

Omega- Wiederlag stellt sech an

Iwwert déi nächst Zäit wärte mir et emmer méi mat enger Omega-Wiederlag ze di kréien. Dobäi gëtt en Héichdrock, wat an dësem Fall iwwer Mëtteleuropa läit, vun déiwem Loftdrock lénks a riets dovunner blockéiert. D’Héichdrockgebitt gëtt quasi ageklemmt a kënnt net vun der Platz – e Blocage kënnt zustanen. Dës Lage si bekannt dovir, iwwert eng méi laang Zäit aktiv ze sinn. Dëst ënnert anerem doduerch, well d’Drockgebitter “aneneen dréinen”, wéi Zännrieder. Se haale sech also géigesäiteg oprecht.

D’Wahrscheinlechkeet, dass dëst antrëfft, ass zimmlech héich. Den europäesche Wiedermodell ECMWF stëmmt den Usiichte vum amerikanësche Modell GFS nämlech zou a gesäit eng ganz ähnlech Situatioun.

Video vum 13. Februar 2019

Wat erwaart eis?

Mir wärten eng méi laang Period erliewen, an där et kaum zu Reen komme wärt an iwwerduerchschnëttlech Temperature gemooss wärte ginn. Ugoen deet dat ganzt um Mëttwoch, dat mat Temperature vu 6 bis 9 Grad am Nomëtten. An den Deeg drop steigert sech dat ëmmer méi – bis de Sonndë solle souguer iwwer 10 Grad a lokal begrenzt bis zu 14 Grad ereecht ginn. D’Sonn ass baal emmer präsent, dat bei e puer klengen an harmlose Wollécken. De Wand ass meechtens rouëg ënnerwee, dat aus Südoste bis Süden. Just heiansdo dréit en e bëssen op.

Mee oppassen: Dat mat der Sonn gëllt just, wa sech de Niwwel an de Moiesstonnen opgeléist kritt. Do kënnt rem d’Stechwuert “Niwwel-Lotto” an d’Spill. Wat dat ass, kënnt Dir Iech ënnert dësem Link ukucken.

Zum Schluss muss een awer umierken, dass de meteorologesche Wanter ëmmer nach net eriwwer ass. Soubal sech dës Omega-Wiederlag opléist, kann et natierlech net ausgeschloss ginn, dass eis e Réckfall op de wanterleche Niveau erwaarde kéint. Soubaal et méigleg ass, ginn et Updates. Stay tuned!