Ongewéinlech waarem: Haut a muer iwwer 20 Grad méigleg

Um Méinde ware 17 Grad virausgesoot ginn, agetraff sinn awer däitlech méi héich Werter. Och haut um Dënschde souwéi muer um Mëttwoch kann dat de Fall sinn.

Iwwer 20 Grad

Gëschter um Méinden, dem 25. Februar 2019 gouf zu Réimech eng Maximaltemperatur vun 20,6 Grad gemooss. Un zweeter Plaatz koum Miersch mat 20,1 Grad. D’Statioun vu Réimech gëtt vun Agrimeteo bedriwwen.

Haut um Dënschde souwéi och muer um Mëttwoch soll de Maximum vun dëser aussergewéinlech waarmer Phase sinn. Gréisstendeels wärten d’Temperaturen am Dag tësche 15 an 18 Grad leie, lokal begrenzt, dat haaptsächlech rem op de selwechte Plaatze, kéinte rem ähnlech Werter ereecht ginn wéi um Méinden. Ënner Ëmstänn kéinten dës mat bis zu 21 Grad souguer nach getoppt ginn.

Vum Donnëschden un kënnt déi stabil Héichdrocklag, wéi mir se an de leschte Wochen haten, un d’Wacklen. Méi kille Loftmasse wärt d’Saach rem erliichtert ginn, soudass et gläichzäiteg och méi fiicht a méi lëftëg wärt ginn. D’Temperature ginn e Stéck zréck, wanterlecht Wieder ass awer trotzdem keent an Zukunft ze erwaarden. Méi dozou am Wochenausbléck vu gëschter.