Onroueg Aussiichten: Erëm gréisser Iwwerschwemmungen am Mëttelmierraum méiglech

D’nächst Woch wäerten erëm Déifdrockgebitter hiert Onwiesen iwwert dem Mëttelmierraum dreiwen, wouduerch et erëm zu markanten Iwwerschwemmunge ka kommen. Och op de rezent betraffene Plazen a Spuenie besteet dës Gefor.

Advertisement

D’Gefor ass ëmmer nach net eriwwer

Iwwerdeems den Héichdrockafloss heiheem an der neier Woch ëmmer méi instabil gëtt, ass domat ze rechnen, dass sech iwwert dem Mëttelmierraum erëm eng Partie Déifdrockgebitter forméieren. Dës beweege sech dann ëmmer nach iwwer ze waarm Gewässer ewech, wat bedeit, dass dorauser erëm zolidd Nidderschléi kënne resultéieren. Iwwerschwemmunge sinn op e Neits méiglech.

Folgend Zeile beschreiwen déi méiglech meteorologesch Entwécklung, déi awer méi wéi dräi Deeg an d’Zukunft geet. Et sinn also nach Upassunge méiglech, mee vum Muster hier kéint dat bei folgenden Zenarien erauskommen:


D’Berechnunge vum däitschen ICON-EU-Modell bis en Donneschden inclus | Grafik: wxcharts.com

Den däitsche Modell ICON-EU rechent bis den Donneschden inclus domat, dass zumools ronderëm Malaga a südostspuenien esouwéi och erëm am Raum Valencia tëscht 70 an deels 140 l/m² Reen kënnen erofkommen. Dës Reen-Period géif awer net direkt muer ugoen, mee eréischt am Laf vum Mëttwoch. Dës Zomme kéimen dann also erëm an engem net all ze groussen Zäitraum erof, wat d’Gefor vun Iwwerschwemmungen an d’Luucht dréckt.


D’Berechnunge vum europäesche Modell bis e Sonnden | Grafik: wxcharts.com

Huele mir den europäesche Modell ECMWF dobäi, da gëtt d’Bild méi däitlech. Dëse Modell gesäit méi wäit, also bezéie mir eis einfach mol op dat, wat bis de Sonnden, 17. November inclus kann erofkommen. Och dëse Modell gesäit en Hotspot am Raum Malaga, méi markant soll et awer am Nordoste vu Spuenie sinn. Iwwerdeems Valencia selwer net wierklech an der Reenzon sollt leien, géif et dësem Modell no awer an enger Sträif vu Castellón de la Plana bis erop op Barcelona a vun do aus bis un déi franséisch Grenz zu Zomme vun tëscht 100 a punktuell knapp iwwer 200 l/m² kommen. Dat hätt schwéier Iwwerschwemmungen zur Konsequenz.

Och aner Géigenden am Mëttelmierraum wiere betraff

Iwwerdeems sech de Reen a ville Fäll iwwert dem oppene Mier entlued, kéint et awer och mol dofir duergoen, dass verschidde Küsteregiounen eppes vum Reen matkréien. Beispiller dofir wieren de Nordoste vu Sardinien, de Nordweste vu Sizilien an och de Südweste vu Griechenland. Iwwert dem Mier kënne sech déi maximal Reenzommen op bis zu 120 l/m² belafen, a Richtung Griicheland wieren et esouguer eenzelne Modeller no gutt iwwer 250 l/m².


D’Berechnunge vum europäesche Modell bis e Sonnden | Grafik: wxcharts.com

Déi Landesflächen, wou d’Gefor am héchsten ass, leien awer méi am westleche Mëttelmierraum a goufen am éischten Deel vum Artikel thematiséiert.