SkyWatch

Radar & aktuell Hiweiser a Warnungen

Thunder Map
ALLGEMENG SITUATIOUN: Ausgoend vun engem Déifdrockgebitt, wat zu engem gréisseren Déifdrockkomplex gehéiert, beweegt sech e Samschden eng sougenannt "Frontalwell" an eis Géigenden. Un dëser forméiere sech am Laf vum Dag op breeder Fläch (also op de Weste vun Europa bezunn) Schaueren an Donnerwiederen - eenzelner dovu kënnen och mol méi kräfteg ausfalen. An der Ausnam kënne se punktuell warnrelevant ginn. RISIKEN: En ALLGEMENGE RISK (Niv. 1/5) besteet fir grouss Deeler vu Westeuropa an Deeler vu Mëtteleuropa. Am definéierte Beräich lait CAPE vun tëscht meeschtens 100 a 700 J/kg, wat sech mat enger zäitweis nennenswäerter Vertikalscherung vun 10 bis 15 m/s iwwerlappt. Je no Modell ginn och Helizitéiten bis ëm 200 m²/s² ugedeit, wat an der Kombinatioun dofir schwätzt, dass eenzel Examplarer vun den Zellen och mol méi kräfteg bis hin zu organiséiert kënnen ausfalen. Ënnert dëse kënne Stuermstéiss bis 75 km/h, kleng Knëppelsteng (Graupel bis hin zu 1 oder 2 cm) a Staarkreen net ausgeschloss ginn. Dofir, well d'Zelle séier vun der Plaz zéien, ass d'Warscheinlechkeet vun enger lokaler an temporärer Iwwerschwemmung just ginn, wann déi selwecht Géigend e puer mol hannerteneen vun esou Zelle getraff gëtt. Eng liicht Krëmmung op de sougenannten "Hodografen" deit och un, dass deels och bësse Richtungsscherung dobäi ass - déi eng oder aner "low topped"-Superzell ass domat also och net ausgeschloss. De Risk vun engem isoléierten Tornado ass net null, mee awer och net nennenswäert héich. Ofgesinn vun dësen Ausnamen gëtt et einfach en immens onbestännegen Dag mat Schaueren an eenzelnen Dimmeren. An de Spëtzte kann de Wand dobäi meeschtens tëscht 40 a 65 km/h als Maximum erreechen. Déi gréisst Warscheinlechkeet vun de virdru genannten "Ausname" besteet viraussiichtlech vum äussere Nordwesten/Norde vu Frankräich iwwer BeNeLux bis an de Nordweste vun Däitschland eran. Dësen Outlook bezitt sech just op konvektiv Evenementer. Einfach Reegebitter gehéieren hei net dozou.