SKYWATCH

Advertisement

VIRWARNUNGEN

DONNERWIEDER-OUTLOOK

Virwarnung aktiv fir de 09. – 10.10.2024

Erausginn: Dënschden, 08. Oktober 2024 12:26
Gëlteg vun: Mëttwoch, 09. Oktober 2024 06:00
Gëlteg bis: Donneschden, 10.Oktober 2024 06:00

Aktuell Wiedermodeller berechnen an der definéierter Zäitspan duerchschnëttlech Reenzomme vun ëm 50 l/m² iwwer Lëtzebuerg. An der Nordhallschent leien déi méiglech Zommen tëscht 39,3 a 64 l/m², am Süden tëscht 42 a 64,2 l/m². Et handelt sech also ëmt eng groussflächeg warnrelevant Situatioun, wat bei Dauerreen-Lagen typesch ass.

Duerch dës Reenzomme wäerten d’Peegelen klammen an och soss sinn Iwwerschwemmungen esouwéi Waasser an de Kellere méiglech – haaptsächlech op dofir vulnerabele Plazen. Niewelaanscht ass nach ze erwäänen, dass d’Biedem aktuell zimmlech mat Waasser gesiedegt sinn: A Kombinatioun mat engem stramme Wand kënnen heiduerch also och Beem ëmfalen. Gréisseren Dreck a Bulli an de Stroossen ass net ausgeschloss.

Et gëtt nach bis den Owend op eng weider Bestätegung säitens de Modeller gewaart, ier dann viraussiichtlech mat enger SkyWatch-Dauerreenwarnung reagéiert gëtt.

Hiweis: Ënnert enger Virwarnung versteet een, dass d’Konditiounen innerhalb an/oder ronderëmt déi agezeechent Géigenden favorabel sinn fir warnrelevant Wiedergeforen. Et ass d’Beschreiwung vum Potenzial, wat an der Atmosphär läit. Eng akut Warnung ass dëst net – déi ginn eréischt, op d’Zellen a Segmenter baséiert, wärend dem Event per SkyWatch erausginn. Elo ass awer d’Zäit, d’Info am Hannerkapp ze halen an d’Informatioun, wa méiglech, a seng Plangung vum Dag mat anzeberechnen esouwéi och aner Precautiounen ze treffen.

LINK: Wéi schützen ech mech viru Wiedergeforen?
LINK: Warnkatalog mat de Krittären fir Warnungen
LINK: Ënnerscheed tëscht Virwarnungen & Warnungen

BLËTZER & FREQUENZ

NIDDERSCHLAG 1H