Hurrikan OPHELIA kënnt no un Europa erun

Um Atlantik spillt sëch de Moment eppes of, waat een nët oft gesäit mee awer net all ze rar ass.

En tropësche Stuerm, d’OPHELIA, huet sëch am östlechen Atlantik zu engem Hurrikan vun der Stuf 1 op der Saffir-Simpson Skala verstärkt a wärt an de nächsten Deeg un ë puer europäësche Küsten laanschtschrammen. Irland kéint ënner Ëmstänn getraff ginn.

Wann een d’Wuert “Hurrikan” héiert, denkt een meechtens un de Golf vu Mexiko, d’USA oder d’Karibik. Heiansdo kënnt ët awer och vir, dass sëch verschidden Hurrikanen nët all ze wäit wech vun eis entwécklen an dann mam Héichtewand an eis Richtunge gedréckt gëtt.

De 14. Januar 2016 war ët beispillweis vir d’läscht, dass een Hurrikan d’Azoren getraff huet. Och aus de Joere virdrun gouf ët ëmmer rëm Fäll, wou sëch esou Stierm bei eis opgehaalen hunn. Dobäi muss d’Wassertemperatur nët zwéngend minimum 26,5 Grad bedroen, mee den Temperaturënnerscheed zwëschent dem Buedem an de Loftmassen a méi groussen Héichten grouss genuch sinn.

OPHELIA – Gefor vir eis?

De momentanen Kategorie 1-Hurrikan wärt de Weekend déi südlech Azoren iwwerquéieren an dann um Atlantik u Portugal a Spuenien laanschtzéien. Bis e Méinden soll en sëch dann den aktuelle Berechnungen no bis virun Irland weidergeschafft hunn, daat nachëmmer als Hurrikan vun der éichter Kategorie. Ënner Ëmstänn kéint ët duergoen, dass en och esou u Land trëfft. De geneën Oflaaf ass nach onbekannt. Gewosst ass, dass sëch de Stuerm spéitstens beim Zesummentreffen mam Land zu engem außertropësche Stuermdéif ofschwächt. Vir zolitte Wand kann ët awer duergoen, Spëtzte vun 150 km/h gi berechent. Och d’Wellen dierften eng Roll spillen. Dës kënne Berechnunge no Héichten vun iwwer 13 Meter um Wee ereechen.


Grafik: NOAA

D’Westküsten vu Portugal souwéi och Spuenien wärten keng Stuermstéiss mat Hurrikanstärkt ofkréien. Ët kéint awer trotzdem mol méi lëftëg ginn. Daat selwecht gëllt och vir den äußere Westen vu Frankräich. Mir gesinn, dass sëch d’Haaptwandfeld iwwer d’Azoren ewechbeweegt an dann zum gréissten Deel vun eise Küsten wechhält. Wann d’Berechnunge Recht behaalen, kéint de Stuerm op Irland duerzéien.


Grafik: NOAA