Orkandéif YLENIA: Dat waren déi héchst Wandvitessen an der Nuecht

Déi héchst Wandvitesse vum Stuerm YLENIA sollte mir gréisstendeels hannert eis hunn, mir kucken op d’Spëtzten aus der vergaangener Nuecht an och, wéi et elo viru geet. Titelbild: DPA

Mat bis zu 100 km/h

D’Orkandéif YLENIA huet virun allem an der zweeter Nuetshallschent uerdentlech fir Kaméidi zu Lëtzebuerg gesuergt. Mir sinn dobäi un enger Statioun esouguer an dee Beräich gerëtscht, dee mir als Ausnamberäich uginn haten. Hei ass d’Top 5 vun de stäerkste Wandstéiss bis elo, Stand 17.02.2022 06:45 Auer:

  1. Beetebuerg: 100 km/h
  2. Reiler (ASTA): 98 km/h
  3. Wolz: 93 km/h
  4. Ell: 89 km/h
  5. Käerjeng-Kënzeg: 87 km/h

Quell Donnéeën: Kachelmannwetter

Wéi geet et an de nächste Stonne virun?

De Wand bleift an de nächste Minutten a Stonne weiderhin en Thema, dat schlëmmst sollt awer laanscht sinn. Bis an de Virmëtten era kënne nach stiermësch Wandstéiss bis hin zu Stuermstéiss vun tëscht 60 an 80 km/h optrieden, Wäerter driwwer fänken ëmmer méi un eng Ausnam ze ginn. Och iwwert de Mëtten a Nomëtte bleift de Wand spierbar, packt et awer net méi op warnrelevant Wäerter – et ass nach mat tëscht 40 a 65 km/h ze rechnen. Eng definitiv Berouegung gëtt et an der kommender Nuecht: de Wand bléist do just nach liicht spierbar a kennzeechent d’Rou virum nächste Stuerm, deen eis um Freidemëtten erwaart.

En detailléierten Artikel dozou wäert och nach kommen.