Partiell Sonnendäischtert: Den Dënschde géint 11:11 Auer ass et esouwäit

Wéi schonn gesot, steet haut mol erëm eng Sonnendäischtert um Programm. D'Détailer dozou fannt Dir an dësem Artikel.

Partiell Sonnendäischtert weist sech iwwer Lëtzebuerg

Wann ee vun enger Sonnendäischtert schwätzt, kënnt engem bestëmmt direkt den 11. August 1999 an de Kapp. Deemools hate mir et mat enger totaler Sonnendäischtert ze dinn – um 12:28 Auer hat sech de Mound ganz virun d’Sonn gedréckt. Eng weider Däischtert war déi partiell vum 20. Mäerz 2015, deemools ware 75,91% vun der Sonn verdeckt.

Déi nächst Sonnendäischtert erwaart eis d’nächst Woch den Dënschden, also de 25. Oktober 2022 – et handelt sech dobäi allerdéngs ëmt eng partiell Däischtert, déi zu Lëtzebuerg och net besonnesch markant ausfale wäert. De Berechnunge no gëtt d’Sonn zu 19,11% verdeckt. Géint 11:11 Auer soll déi partiell Phas ufänken a géint 13:04 op en Enn goen. Déi gréisst Verdonkelung wier dem no also um genee 12:07 Auer erreecht.

Wat seet d’Wieder dozou? Natierlech ass et nach alles anescht wéi sécher, mee dem aktuelle Stand no gesäit et no engem Pak Wolleken aus, deen eis ëmmer erëm mol eng Schauer brénge kann. D’Konditioune sinn also net déi bescht.

Nächst markant Sonnendäischtert den 12. August 2026

Mir mussen awer net méi all ze laang waarde, bis sech d’Sonn erëm zu engem Groussdeel hannert dem Mound verstoppt: den 12. August 2026 kënnt et zu enger totaler Sonnendäischtert, bei där d’Sonn ëm 89,68% wäert bedeckt sinn. D’Däischtert geet owes géint 19:20 Auer un, de Maximum gëtt um 20:15 Auer erreecht. De Schluss vun der Däischtert kréie mir net mat, well dësen eréischt stattfënnt wann d’Sonn ënnergaangen ass. Well dës Däischtert also wärend dem Sonnenënnergang wäert sinn, kéint sech en immens interessant Liichtspektakel weisen.

Fir déi meescht vun eis ass den 12. August 2026 déi bescht Chance, eng Sonnendäischtert matzeerliewen, déi en änleche Feeling wéi déi vu 1999 gëtt. Déi nächst total Sonnendäischtert mat engem Bedeckungsgrad vu 97% gëtt et bei eis eréischt erëm den 3. September 2081.