Astronomëscht Highlight: Perseiden 2017

Ët ass August a soumadden och d’Zäit vun de Perseiden. Ët ass de schéinsten Meteorstroum am Joer, zumindest wann een no der Schnäizenunzuel an der Stonn geet. Ët ass een Phänomen vir daat ët sech lount méi laang opzebleiwen.

Bis zu 100 Stäreschnäizen an der Stonn

D’Perseiden zeechnen sëch doduerch aus, dass bei gudde Konditiounen bis zu 100 Stäreschnäize an der Stonn kënne beobacht ginn. Meechtens handelt ët sëch just ëm kleng Exemplarer, mee heiansdo kënnen och mol Feierbäll, also Boliden, mat dobäi sinn.

Wéi a wéini beobachten?

D’Perseiden sinn am grousse Ganzen zwëschent dem 17. Juli an dem 13. August aktiv. De Maximum ereechen se awer de Weekend vum 11 bis den 13. August. Besonnëg vill Exemplarer kann een an der Nuecht op de Sonndën beobachten.

De Radiant vun de Perseiden, also deen Punkt, wou se hier ze kommen schéngen am Stärebild Perseus Grafik: NASA
Vir se ze beobachten sollt een am beschten a Richtung Norden bis Nordosten héich an den Himmel kucken. Verschidde Stäreschnäizen kënnen awer och mol queesch iwwert de ganzen Himmel sausen a siichtbar sinn, virun allem déi méi grouss (Boliden). Déi bescht Beobachtungszäit ass ier de Mound géint 23h opgeet an och kuerz viru Sonnenopgang.

Hinweis: De Mound geet um 23h op. Et sollt een d’Perseiden am beschten do virdrun beobachten, waat awer och nët sou gutt klappt. Ët ass dann nachëmmer ze hell, vir se gutt ze gesinn. Dohier sollt een sech éichter op d’Zäit kuerz viru Sonnenopgang fokusséieren, och wann een dann leider liicht Stéierungen duerch d’Liicht vum Mound huet.

Entstéiung

Grafik: rosieresearch.com

All Joer am August duerchflitt d’Ärd d’Stëppswolléck oder de Schweif, deen de Koméit 109P/Swift-Tuttle hannert sëch léisst. D’Stëppskären an aner Partiklen treffen mat enger Geschwindëgkeet vun 215.000 Kilometer an der Stonn op d’Ärdatmosphär, an där se uschléissend vergléien a vir eis op der Ärd als Stäreschnaizen siichtbar ginn.

D’Wieder

vir d’lescht aktualiséiert: Samsden, 12. August 2017 um 21:17 Auer

Nuecht op de Sonndën, 13. August 2017

An der éichter Nuetshalschend stinn d’Chancen éichter schlecht, vir eppes ze gesinn. Ët ass ze wolléckeg. No Mëtternuecht, sou zwëschen 2 an 5 Auer, kënnen sëch Wolléckelücken forméieren, bei denen een dann déi eng oder aner Stäreschnäiz beobachten kann. D’Temperaturen ginn op 15 bis 12 Grad zréck. Beobachtungschancen: mëttelméissëg bis gutt.

Nuecht op de Méinden, 14. August 2017

D’Nuecht op de Méinden gesäit den aktuelle Berechnungen no am beschten aus. Ët ass kloer, niewebäi zéien ë puer ganz kleng Wollécken iwwert den Himmel, wann iwwerhaapt. D’Temperaturen ginn op 14 bis 7 Grad zréck. Ët besteht e klenge Risk vu Niwwel. Beobachtungschancen: perfekt.