Wënscht Iech eppes: D’Perseide sinn aktiv

Am August ass d’Zäit vun de Perseiden. Et ass een vun de schéinste Meteorstréim vum Joer, vir deen et sech souguer lount, méi laang wakrech ze bleiwen oder méi fréi opzestoen.

Maximum am August

De Meteorstroum vun de Perseiden ass all Joer tëschent dem 11. Juli an dem 24. August aktiv. En ereecht säi Maximum an der Nuecht op den 13. August a kéint dest Joer opgrond vu gudde Liichtverhältnisser besonnëg gutt ze gesi sinn.

De Meteorstroum huet de Numm Perseiden, well se aus dem Stärebild Perseus ze faale schéngen. An de Nuechten, dorënner och déi op den 13. August, wärt dëst Stärebild ëmmer méi héich an den Himmel zéien, wouduerch een de Stroum ëmmer besser beobachte kann.

Entstéiung

All Joer am Juli/August duerchflitt d’Ärd d’Stëbswolléck oder de Schweif, deen de Koméit 109P/Swift-Tuttle hannert sech zitt. Stëbskären an aner Partiklen treffe mat enger Vitesse vun 215’000 Kilometer an der Stonn op d’Ärdatmosphär an där se uschléissend vergléien. Hei um Buedem gëtt dëse Prozess als Stäreschnäiz siichtbar. Heiansdo kënnen d’Schnäizen och mol méi grouss ginn, daat sinn dann sougenannt Boliden. Dës grouss Feierbäll kënnen ënner Ëmstänn méi hell wéi de Mound ginn an zéien oft e schéine Schweif hannert sëch, daat gären och mol iwwert den halwen Himmel.

Observatioun

De Maximum vun de Perseiden ass, wéi gesoot, an der Nuecht op den 13. August. E fänkt géint 22 Auer un an zitt sech bis Moies fréi, ongeféier dann, wann ee gesäit dass et scho liicht méi hell gëtt.

Vir se gutt beobachten ze kënnen, soll een, soubaal et däischter ass, a Richtung Nordoste kucken. Do befënnt sech nämlech d’Stärebild Perseus. Déi bescht Zäit vir sou vill Stäreschnäize wéi méigleg ze observéieren ass kuerz virum Sonnenopgang, well d’Stärebild dann am héchste steet. Et kënne bis zu 100 Stäreschnäizen an der Stonn ze gesi sinn. A “gudde” Joere si Fuerscher no souguer bis zu 200 Stéck d’Stonn méigleg. Sicht Iech dovir am beschten eng Plaatz wäit außerhalb vun engem Duerf, wou een wäit an all Richtunge kucke kann. Verschidde Stäreschnäize wärte sech net nëmmen am Beräich vum Perseus ophaalen, mee kënnen och wäit dovunner ewech iwwert den Himmel sausen. Wa Dir wäit vun engem Duerf erausgitt hudd Dir och nach de Virdeel, keng gréisser Liichtverschmotzung ze hunn wouduerch d’Koditioune vir ze kucken däitlech méi schlecht wieren.

De Mound (Phase: Neimound) geet an der Nuecht fréi ënner an ass souwisou meechtens ënnert dem Horizont, soudass e quasi guer net ze gesinn ass. De Mound wärt also dëst Joer net beim Beobachte stéieren.