“Pfingstunwetter”: E klenge Réckbléck op de 9. Juni 2014

De 9. Juni 2014, also viru 6 Joer, ass Lëtzebuerg zu engem Groussdeel sou just un engem katastrophalen Donnerwiedersystem elaanschtgeschrammt. Hei ass e klenge Réckbléck zu deem, wat deen Dag geschitt ass. Titelbild: Andy Holz / Huertgenwaldwetter

Aussergewéinlech Wiederlag

De Päischtméinden, 9. Juni 2014, wäerte vill Leit esou séier net vergiessen – haaptsächlech déi, déi a Nordrhein Westfalen an Däitschland wunnen. Am Virmëtte waren iwwer Deeler vum mëttelwestleche Frankräich nach Iwwerreschter vun engem Donnerwiedersystem aktiv, déi sech dunn am weidere Verlaf vum Dag op hirem Wee a Richtung Nordosten op e Neits verstäerkt hunn. Den Donnerwiedersystem, dee gläichzäiteg e Buedemdéif war, huet sech entlaang enger Konvergenzzon beweegt, déi sech vum südleche Frankräich iwwer BeNeLux iwwert de Norde vun Däitschland bis a Polen erstreckt huet. Ongeféier dës Linn huet de System am weidere Verlaf verfollegt – och um Wee: eng extrem instabel Atmosphär mat CAPE- Wäerter (Convective Available Potential Energy) vu knapp 4000 J/kg an immens fiicht Loftmasse mat Taupunkten vun ëm 21 Grad bei enger Lofttemperatur vun 28 bis 33 Grad.

Déi gréisst potenziell zur Verfügung stoend Energie (CAPE) huet sech mam gläichzäiteg fiichtste Gebitt iwwerschnidden. Dëst Gebitt war am Norde vu Frankräich ze fannen an huet sech, genee sou wéi d’Konvergenzzon u sech och, iwwer BeNeLux (knapp nordwestlech u Lëtzebuerg laanscht) bis a Nordrhein-Westfalen resp. de Norde vun Däitschland eragezunn. Grafik: Convective Outlook vun Estofex.org mam héchste Risiko-Level.

De Verlaf vum Dag

Ier den Donnerwiedersystem aus Frankräich an d’Spill koum, hu sech westlech a nordwestlech vu Lëtzebuerg schon am fréie Virmëtten a fiichtwaarmen an energieräiche Loftmassen éischt Donnerwiederzelle forméiert. Dës sinn zwar all u Lëtzebuerg laanschtgezunn, mee an der Äifel konnt sech beispillsweis kuerzzäiteg eng Superzell ausbilden – en Donnerwieder mat engem konstant rotéierendem Opwand. Dës Donnerwieder hu sech am Verlaf vun de Stonne weider an de Nordoste verlagert, an de Norden an an de Nordweste vun Däitschland eran.

Fir dass sech zolitt Donnerwieder entwéckle kënne, ass genuch Sonnenastralung néideg. Zum Zäitpunkt, wou déi genannt Donnerwieder nach am BeNeLux- Beräich ënnerwee ware, konnt sech d’Gebitt mat den instabilste Loftmasse net gutt erhëtzen. Géint 12 sinn d’Wolleken awer ëmmer méi verschwonn: dee Beräich mam gréissten Onwiederpotenzial, also de Norde vu Frankräich, d’Belge, Lëtzebuerg a Nordrhein Westfalen, hu no a no eng zimmlech staark Sonnenastraalung genoss. D’Viraussetzunge fir extrem Entwécklunge waren erfëllt.

Elo kommen d’Donnerwiederreschter iwwer Frankräich an d’Spill, déi ech am Ufank vun dësem Artikel erwänt hunn. Iwwer Frankräich huet sech vum Virmëtten un e Buedemdéif verdéift, un deem sech déi genannt Donnerwiederreschter reaktivéiert hunn. Um Satellitebild war ze gesi, wéi sech ëmmer méi grouss Wollekentierm an den Himmel geschrauft hunn. Bei Sens (FRA) huet sech am Nomëtte géint 15h eng Superzell entwéckelt, déi Knëppelsteng vu bis zu 9 cm am Duerchmiesser ofreene geloss huet. Net nëmmen dat huet de nei opliewende System interessant gemaach, mee och déi rasant Entwécklunge ronderëm. Um Wee an de Nordosten, also a Richtung BeNeLux, ass et am Beräich vum Buedemdéif zu ëmmer méi intensiven Entwécklunge komm.

0-6 km & 0-1 km Wandscherung iwwer CAPE-Parameter geluecht

Wiederlag um fréie Méindemoien | Konvergenzzon = giel Linn / L = Buedemdéif iwwer Frankräich

Knapp u Lëtzebuerg laanscht, mee awer Stuermstéiss

Géint 19 Auer huet sech och de lëtzebuerger Westhimmel staark verdonkelt: an dësem Moment hu mir erlieft, wéi e gewaltegen Donnerwiedersystem (MCS = Mesoscale Convective System) mat engem Duerchmiesser vun ongeféier 250 bis 300 Kilometer immens knapp mam Schlëmmsten u Lëtzebuerg laanschtgezunn ass. Obwuel et eis net direkt getraff huet, mee just mam südlechste Wutz wou et zu deem Zäitpunkt awer keng all ze staark Nidderschléi gouf, gouf un der Meteomedia- Wiederstatioun zu Eschduerf e Stuermstouss vu 89 km/h gemooss. Zu Ëlwe war e Stuermstouss vun 81 km/h dobäi, genee wéi och zu Eesbech. Den Zentrum vum System louch zu dësem Zäitpunkt op enger Sträif vun Hasselt bis knapp virun déi lëtzebuergesch Grenz. Iwwerdeems de System duerch déi weider héichenergieräich Loftmasse gefiddert ginn ass, huet e sech nach weider intensivéiert.

Tëscht 20 an 21 Auer huet sech e sougenannte Bow Echo forméiert, déi dofir bekannt sinn, extrem staark konvektiv Wandstéiss ze produzéieren. Dësen ass dunn iwwer grouss Deeler vu Nordrhein-Westfalen ewechgezunn an huet immense Schued hannerlooss. Um Fluchhafen zu Düsseldorf ass eng maximal Wandvitesse vun 142 km/h gemooss ginn. Och un ëmleiende Statioune goufen oft déi 100 km/h geknackt, zu Neuss goufen 133 km/h registréiert. Vun do aus huet sech de System immens séier weider an de Norden/Nordoste vun Däitschland beweegt an och lues a lues ofgeschwächt. Satellitebild: Meteomedia

Grousse Schued an Däitschland

Den immens zolitten Donnerwiedersystem huet haaptsächlech de Nordweste vun Däitschland schwéier getraff. Tëscht 20 an 23 Auer sinn zu Düsseldorf, Essen, zu Köln an och zu Krefeld am ganze 6 Persoune gestuerwen. Op ganz Nordrhein-Westfalen gekuckt sinn 30 Persoune schwéier blesséiert ginn, 37 liicht. Wéi déi däitsch Bunn DB gemellt huet, huet d'”Pfingstunwetter” fir gréisser Beanträchtegunge vum Zuchverkéier gesuergt wéi den Orkan Kyrill, deen den 18 Januar 2007 iwwer Mëtteleuropa ewechgezunn ass. No enger éischter Estimatioun vum versécherte Schued vu Ronn 100 Milliounen Euro ass d’Zuel ufanks Juli 2014 op 650 Milliounen Euro no uewe korrigéiert ginn.

En MCS mat dëser Stäerkt kënnt an eise Breeten net all ze oft vir – se zielen awer all Joer zu de méigleche Geforen am Fall vun enger zolitter Donnerwiederlag. Dem Schuedensbild no gëtt geschat, dass de Wand plazeweis definitiv méi séier wéi 142 km/h ënnerwee war – méiglecherweis och mat iwwer 150 km/h. Et war eent vun de schlëmmsten Onwieder aus de leschte Joerzéngten. Satellitebild: Meteomedia