Philippinen: Den Taifun YINXING geet en Donneschdemoien u Land

No der Gebuert vum Hurrikan RAFAEL am Golf vu Mexiko gëtt et e puer honnert Kilometer ëstlech vun de Philippinen nach de staarken Taifun YINXING, deen muer de Moien do u Land goe wäert.

Advertisement

Och am Pazifik ass d’Saison nach net eriwwer

Zanter gëschter schwätze mir am Golf vu Mexiko an den USA vum Hurrikan RAFAEL. Am Pazifik, nëmmen e puer honnert Kilometer ëstlech vun de Philippinen, existéiert awer e nach méi staarke Stuerm: Den Taifun YINXING. An der Moyenne produzéiert e Wandvitessen vun 185 km/h, se leien an de Spëtzten awer gutt iwwer 200 km/h. De Stuerm huet sech aus enger tropescher Depressioun eraus entwéckelt, déi de Sonnden hiren Ufank bei der klenger Pazifikinsel Yap hat. Nëmmen e puer Stonnen drop gouf schonn de Status vun engem Tropestuerm erreecht, e Méindemoie war d’Intensitéit mat engem Hurrikan vun der éischter Kategorie ze vergläichen.


Déi aktuell Positioun vum Taifun a säi weidere Lafwee | Screenshot: zoom.earth

Et ass ze erwaarden, dass de YINXING um fréien Donneschdemoien eiser Zäit op déi nërdlechst Philippinen trëfft – besonnesch betraff wieren d’Géigenden Baggao, Laoag, Aparri an déi kleng Inselen ronderëmt Calayan. De Mëttelwand soll nach op 190 km/h eropgoen, dat mat weiderhin däitlech méi héije Wandstéiss. Wier dëse Stuerm am Atlantik, da géif een vun engem Hurrikan vun der drëtter Kategorie op der Saffir Simpson-Skala schwätzen. Iwwert dem Mier an och un de Küsten ass de Modellrechnunge no mat mindestens 100 l/m² Reen ze rechnen, am Worst Case kënne bis zu 500 l/m² erreecht ginn.


Den aktuelle Sat-Loop vum Taifun YINXING | Animatioun: tropicaltidbits.com

En Donneschdenowend zitt de Stuerm op dat südchineesescht Mier eraus a soll de Projektioune no un Intensitéit ofbauen. E Méinde kéint et sech “just” nach ëmt en Tropestuerm handelen, deen knapp 300 Kilometer südëstlech vun Hainan läit. Ob d’Iwwerreschter an den Deeg drop op de Vietnam treffen, muss ofgewaart ginn.