Polar Loftmassen erwaart: Firwat de Wanter nach net gelaf ass

De Moment ass et vill ze waarm dobaussen, wat sech esou direkt net ännere wäert. De Wanter ass awer alles anescht wéi gelaf.

Markant Temperaturschwankungen

Mir hunn et de Moment mat markanten Temperaturschwankungen ze dinn. Vu lokal zweestellege Minusgrade virun enger Woch bis hin zu zweestellege Plusgraden elo, et ass e richtege Spagat. E puer weider där Spagater sti schonn a noer Zukunft un, déi d’Chancen op wanterlecht Wieder heiheem erëm hiewen.

De Grond firwat eis Temperaturen de Moment net matspillen ass deen, dass héije Loftdrock iwwert dem südleche Mëtteleuropa läit an déiwe Loftdrock dobaussen um Atlantik. Mir leien ënnert enger westlecher bis südwestlecher Stréimung, duerch déi zwar deels fiicht, mee leider ze mëll Loftmassen op Lëtzebuerg gefouert ginn. Dëst ass genee de Géigendeel vun engem Zenario, dee Schnéi zouléisst. Wat mir brauchen ass zwar och eng fiicht, mee iwwerdeems och kill Stréimung, am beschten aus Nordwesten bis Nordnordwesten. Där kéinte mir an de nächste Wochen eng kréien, mee fir d’éischt emol der Rei no.


Nach ginn iwwerduerchschnëttlech waarm Loftmassen op Lëtzebuerg gelenkt | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Wanterlech Loftmasse warscheinlech, mee…

Ier et zu dëser Situatioun iwwerhaapt komme kann, verännert sech d’Grousswiederlag den aktuelle Modellrechnunge no esou, dass sech déiwe Loftdrock iwwert de nërdlechen Atlantik mee och iwwert de norwegesche, schwedeschen a finnesche Raum leet. Iwwerdeems géif sech dem amerikanesche Wiedermodell GFS no eng Héichdrockbréck vu Neifundland eriwwer iwwert de mëttleren Atlantik bis hin op Lëtzebuerg erstrecken. Dës Konstellatioun géif erëm wanterlecht Wieder zouloossen, mee d’Chancen op Schnéi wiere net déi bescht. De Grond: den héije Loftdrock iwwer Mëtteleuropa blockéiert d’Zoufuer vun zousätzlech méi fiichte Loftmasse vum Atlantik, wat also fir d’éischt dréche keelt mat héijem Loftdrock bedeite géif. D’Antreffe vun dësem Zenario ass de Modeller GFS an ECMWF no Stand aktuell (29.12.2021 – 16:25 Auer) als warscheinlech anzestufen.


Méi wanterlech Loftmasse losse net laang op sech waarden, mee nach ouni Schnéi | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Spekulatioun: Kënnt duerno dann de Schnéi zréck?

Fir déi Zäit drop spillt den amerikanesche Modell GFS mat der Iddi, dass den héije Loftdrock, deen als Barrikad géint déi polar & fiicht Loftmasse gedéngt huet, aknéckt. Ee groussen Héichdrockkär wier dann iwwert den Azoren ze fannen, en aneren dann iwwert dem wäiten Osten. Grob geholl wier dëst dann eng nei Héichdrockbréck, déi awer dann net méi eise Raum beaflosse géif – op mannst net direkt. Iwwerdeems gi grouss Deeler vun de nërdleche Kreeser vun déiwem Loftdrock beaflosst, haaptsächlech ugedriwwen vun engem Déifdrockkär iwwert dem westskandinavesche Raum. Sollten d’Modellkaarten esou komme wéi de Moment, da géif eis dat déi ugeschwat néideg Konstellatioun bréngen, déi eis de Schnéi zu Lëtzebuerg erëm erméigleche géif. Mir hätten dann eng nordwestlech bis nordnordwestlech Stréimung déi net nëmmen äiskal, mee och fiicht wier. Schnéi-Zenarie wiere soumat méiglech. Theoretesch klengt dat gutt, praktesch läit dat ganzt awer nach bal 2 Wochen an der Zukunft. Et ass also als Spekulatioun unzegesinn.


De spekulativen Zenario vun enger méiglecher Schnéi-Situatioun am Laf vum Januar | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Fazit

Et ass ganz warscheinlech, dass et an der éischter oder zweeter Januarwoch erëm méi kill gëtt. Dat wat een awer nach mat engem méi strengen a spekulativen Aen betruechte muss ass den Zenario, op deen mir zum Schluss méi genee agaange sinn. Heescht also fir de Moment: Keelt: jo, Schnéi: wees nach keen, mee ass net onméiglech. Mat dësem Artikel soll gewise ginn, dass de Wanter eben eréischt ugaangen ass, an dass nach ganz villes an de nächste Méint geschéie kann.