De Moment sinn op d’mannst siwen koronal Massenauswërf (CME) a Richtung Äerd ënnerwee. Dës kéinten e geomagnéitesche Stuerm vun der Stäerkt G4 ausléisen – esou kräfteg wéi zanter 2004 net méi. Polarliichter bis wäit an de Süde wiere méiglech.
Advertisement
Interessant Stonne stinn un
De Moment si laut NOAA-Informatiounen ganzer siwen koronal Massenauswërf a Richtung Äerd ënnerwee. Ënnert esou engem CME versteet een eng Sonneneruptioun, bei där Sonneplasma mat grousse Vitessen an de Weltall erausgeschleidert gëtt. Trëfft esou een op eis Äerd, da gëtt eist Äerdmagnéitfeld gestéiert resp. agedréckt. Un eise Polen sinn d’Grenzen vun dësem Magnéitfeld eis logescherweis am notsten – dat ass de Grond, firwat ass an dëse Géigenden Polarliichter zimmlech heefeg sinn.
Bei staarke Sonnestierm kënnen dës gelueden Deelercher awer och méi wäit a Richtung Süden fir Reaktioune suergen: An de leschte Méint koum et ëmmer erëm iwwer Mëtteleuropa zu Polarliichter – se ware just meeschtens nëmme per Laangzäitbeliichtung ze gesinn. Dës Siichtungen sinn op de Sonnenzyklus zréckzeféieren, deen an dësem Joer säi Maximum soll erreechen – dohier ginn och Zenarien, wéi mir en an der Nuecht op e Samsden wuel erliewen, ëmmer méi warscheinlech – deemno wéi ass mol keng Kamera néideg, fir se ze gesinn.
Geomagnéitesche Stuerm vun der Stäerkt G4 méiglech
De NOAA Space Weather Prediction Center warnt virun engem geomagnéiteschem Stuerm vun der Stäerkt G4. Sollt dat esou antrieden, da wier et den éischte G4-Stuerm zanter 2004. Et handelt sech bei hirer Virwarnung och ëmt déi éischt G4-Warnung zanter 2005. Aus hirem Bulletin geet ervir, dass et deemno wéi zu Stéierunge bei der Telekommunikatioun ka kommen, genee esou wéi och mam GPS oder och elektresche Schaltungen.
Wat erwaart eis elo?
Fir déi nächst Stonnen gëtt e KP-Index vun tëscht 5 an 8 fir eis Breete berechent. De KP-Index seet aus, wéi wäit südlech d’Polarliichter potenziell ze gesi sinn. Fir dass een se hei zu Lëtzebuerg eenegermoosse gutt mat der Kamera gesäit, muss dësen bei mindestens 7 leien. Wann et de Berechnunge no geet, da besteet wuel eng reell Chance fir d’Polarliichter zu Lëtzebuerg ze gesinn – an dat dës Kéier mam bloussen Aen.
Et hänkt awer natierlech dovun of, wéini genee de Maximum soll erreecht ginn. Laut dëser Grafik wier dat eréischt e Samsdemoien tëscht 8 an 11 Auer de Fall (vun UTC ëmgerechent), dat mat engem KP vu 6 bis 8. An der Vergaangenheet ass et awer schonn mol virkomm, dass de Maximum éischter erreecht gouf. Mat e bësse Chance klappt et also nach, wärend et dobaussen däischter ass. Eng Garantie kann een awer leider net ginn.
Wéi ass et mam Wieder?
An der Nuecht sinn e puer Wolleken ënnerwee, dotëscht kënnt et awer zu Oplackerungen. Déi bescht Konditioune si wuel a Richtung fréie Samsdemoien ze erwaarden.
Fir d’Polarliichter ze beobachten, soll ee sech am beschte wäit fort vun all Source vu Liichtverschmotzung ophalen – sicht Iech also eng stackdäischter Plaz. Wann et dozou kënnt, da peilt vun der Zäit hier déi zweet Nuetshallschent un, tendenziell fläit esouguer kuerz viru Sonnenopgang. Huelt och eng Kamera mat, mat där een Fotoe per Laangzäitbeliichtung ka maachen – op dëse sinn se nämlech fir d’éischt ze gesinn an esou kann ee sech um Himmel e bësse besser orientéieren. Déi allgemeng Bléckrichtung ass Nord.
Elo heescht et also just nach d’Daumen ze drécken fir all déi, déi déi éischt däitlech visuell Polarliichter zanter enger gudder Zäit zu Lëtzebuerg wëlle beobachten.