
A nächster Zäit wäert een Déif nom aneren iwwert de Südweste vun Europa zéien, wat virun allem a Spuenien an och a Portugal zu grousse Reenzomme féiert. Et sinn Iwwerschwemmunge méiglech.
Advertisement
Zolitt Reenzomme bis an déi zweet Hallschent vum Mount ze erwaarden
All d’Modeller deiten de Moment immens naass Zäiten fir de Südweste vun Europa un, besonnesch fir Spuenien a Portugal. Aktuell suergt schonn en Déif fir Schauerwieder, mee duerch den Afloss duerch e neien Déifdrockkomplex wäert et vum Freiden un fir d’éischt vu Portugal hier méi staark reenen an um Samschdemoien och schonn am Weste vu Spuenien. Bis an den Owend eran betrëfft et dat ganzt Land, och e Sonnden iwwer gëtt et an den zwee Länner ëmmer erëm naass. Ënnert dëse Nidderschléi sinn och deels kräfteg Donnerwieder. Vum Méinden (nächst Woch) bis e Sonnde rechent zumools den europäesche Modell ECMWF, dass ëmmer erëm nei Déifdrockgebitter de selwechte Wee wielen an et doduerch weiderhin bal déi ganz Woch laang zu staarke Schliet kënnt. Den amerikanesche Modell ass méi zréckhalend ënnerwee a gesäit besonnesch fir Portugal an déi westlech Deeler vu Spuenien de meeschte Reen.

Wa mir elo just d’Reenzomme kucken, déi vun elo un bis de Weekend inclus sollen erofkommen, dann zeechne sech gréisser Beräicher of, an deenen et zu nennenswäerten Zomme vun tëscht 50 an 140 l/m² ka kommen. Den europäesche Modell wëll e puer Peaks vun bis zu 200 l/m² net ausschléissen. Inkludéiere mir déi ganz nächst Woch mat, dann wier aus dem momentane Stand aus gesinn, zumools a Portugal, mat tëscht 100 an 200 l/m² ze rechnen. D’Zuele vum europäeshce Modell ginn esouguer op iwwer 300 l/m². Dës Zuele kann een nach net 1:1 esou iwwerhuelen, mee se sinn en däitleche Indikator dofir, dass an Zäit vun dëser an och nächster Woch onwiederaartege Reen méiglech ass, deen a Saachen Iwwerschwemmunge ka geféierlech ginn.