Portugal: Extrem Hëtztwell steet befir

Net nëmme Mëtteleuropa huet mat der Hëtzt ze kämpfen, mee och déi méi südlech geleeë Länner wéi Portugal. Modeller no soll do vu muer un eng extrem Hëtztwell ustoen, déi demno wéi Allzäit-Rekorder knacke kéint.

Extrem héich Temperaturen

An de folgenden Zeile ginn Iech e puer Léisunge vu verschiddene Modeller vir Portugal virgestallt. Ugefong mam amerikanësche Wiedermodell GFS:

Den amerikanësche Wiedermodell rechent vu muer, dem Mëttwoch 01. August 2018 un, mat Temperaturen déi östlech vu Lissabon op bis zu 44 Grad klamme kënnen. Vir den Donnëschde gi 46 Grad simuléiert, ier et vum Freiden un richtëg batter gëtt: Bis zu 49 Grad stinn um Programm! Iwwert de Weekend ännert sech daat net bedeitend, d’Temperature kënne nämlech rondrëm Lissabon op bis zu 52 Grad klammen. Um Sonndë breet sëch d’Hëtzt op de Groussdeel vu Portugal aus, soudass op méi enger grousser Fläch Temperature vun ëm 45 Grad ereecht kënne ginn. De Südweste vu Spuenie wärt och dovunner betraff sinn.

GFS (wxcharts.eu)

Verglach mam däitsche Wiedermodell

Dem däitsche Wiedermodell ICON no ginn vum Donnëschden un östlech vu Lissabon Temperature vu bis zu 43 Grad ereecht. Um Freide wier mat ähnleche Werter ze rechnen, woubäi et um Weekend awer däitlech an d’Luucht goe soll. Um Samsde sinn de Simulatioune no Temperature vu bis zu 47 Grad méigleg. Och zu Lissabon selwer wiere bis zu 40 Grad dran.

ICON (wxcharts.eu)

Verglach mam franséische Wiedermodell

Och wann dem ARPEGE seng Simulatioun vun haut (31.07.2018) un nëmme bis de fréie Samsdemoie ginn, kann ee sech trotzdem schon e Bild vun der ustoender Hëtzt maachen.

Um Mëttwoch ginn am Südoste vu Portugal Temperature vu bis zu 36 Grad berechent, an der Géigend vu Lissabon sinn et der 30 oder knapp driwwer. Vum Donnëschden un muss mat enger signifikanter Erwiermung gerechent ginn: D’Temperature klammen am Süde vum Land op bis zu 44 Grad, rondrëm Lissabon ass mat 40 Grad ze rechnen. Um Freide geet et mat der Hëtzt virun, bis zu 46 Grad si plaatzeweis méigleg. Och wann d’Simulatioun aktuell nach net bis de Weekend mat geet, kann een dovunner ausgoen, dass et extrem waarem virugoe wärt.

ARPEGE (wxcharts.eu)

Fazit

Et ass mëttlerweil sëcher, dass déi heftëg Hëtztwell ab muer lues a lues antreffe wärt. Wann een d’Moyenne vun de Modeller hëllt, da wärten d’Temperature scho mol secher op 44 bis 47 Grad während dem Maximum klammen. Waat awer nach net kloer ass, ass, ob d’Werter tatsächlech op 50 Grad uklamme kënnen. Sollt daat de Fall sinn, da géif de portugiesëschen Allzäit-Rekord vu 47,4 Grad aus dem Joer 2003 geknackt ginn. D’Hëtzt wärt zwar eng drëche sinn a keng schmeier, mee trotzdem richtëg batter ginn.

Wéi een um GEFS-Ensemble erkenne kann, wärt et bis mindestens Mëtt August wahrscheinlech drëche bleiwen. D’Hëtztwell schéngt bis de 9. August unzehaalen, ier et lues awer sëcher rem normal waarem sollt ginn.

GEFS Ensemble (meteociel.fr)