Wandvitesse vu wäit iwwer 100 km/h
Den Hurrikan LESLIE wärt u Land keen Hurrikan méi sinn, mee en außertropëscht Stuermdéif. Trotz der eroofgestufter Bezeechnung huet et de Stuerm ëmmer nach a sëch: Mat Wandvitesse vu bis zu 170 km/h (lokal driwwer) kéint et de stärkste Stuerm zanter 1842 vir d’portugiesësch Küst ginn.
De Stuerm befënnt sech de Moment 270 km west-südwestlech vu Lissabon a beweegt sech mat erhéichter Vitesse a Richtung Festland. Den Zentrum vum Stuerm wärt viraussiichtlech géint Mëtternuecht (UTC) iergendwou tësche Lissabon a Coimbra u Land goen, ier de Stuerm séier un Intensitéit verléiere wärt. Am schlëmmste wärt et un de Küste ginn: Do kënne Wandvitesse vu bis zu 170 km/h net ausgeschloss ginn. Eenzelne Modeller no, wéi z.B dem däitschen ICON, wiere souguer 200 km/h am Beräich vum Méiglegen.
Och Deeler vu Spuenie betraff
Et kann een ongeféier agrenzen, wéieng Ëmgéigenden mat de stärkste Wandgeschwindëgkeeten ze di kréien. Op der Grafik driwwer am ORANGEN Beräich sinn dës och markéiert: Estoril, Sintra, Lissabon, Santarem, Caldas da Rainha, Fatima, Tomar, Leiria, Sertã, Coimbra. Wandvitesse vun 120 bis 170 km/h si méigleg.
De giele Beräich gëllt vir: Sines, Beja, Evora, Elvas, Estremoz, Arrailos, Avis, Campo Maior, Castelo Branco, Idanha a Nova, Fundão, Guarda, Viseu, Porto, Vila Real, Vila Nova, Peso da Régua, Almeida. Och op der spuenëscher Säit si folgend Géigende betraff: Alcantara, Coria, Moraleja, Plasencia, Hervas, Béjar, Talavera de la Reina, Avila, Salamanca. 90 bis 125 km/h sinn hei wahrscheinlech.
Hinweis: De Wand wärt an den ënnerschiddlech markéierte Gebitter net iwwerall d’selwecht staark ginn. Déi héchst genannte Wandstéiss triede just lokal begrenzt op, wa net souguer nëmmen am Fall vun enger konvektiver Schauer oder engem Donnerwieder.
Wandspëtzte simuléiert vum däitschen ICON (wxcharts.eu)
Weider Informatiounen:
De Wand ass net den eenzege Problem, deen de gläich Ex-Hurrikan LESLIE mat sëch bréngt. Niewebäi besteht och d’Gefor vun enger Stuermflut an Iwwerschwemmungen. 25 bis 75 l/m² kënne plaatzeweis eroofkommen, am Fall vun isoléierten Donnerwiederen oder méi staarke Schauerzelle bis zu 125 l/m². Duerch d’Zesummespill vum Reen an der méigleger Stuermflut ass de Risk vun Iwwerschwemmungen erhéicht.