Portugal: No méi wéi 600 l/m² Reen op Madeira gëtt et elo och um Festland ongemittlech

Gëschter war et op Madeira zu neie Rekord-Reenzomme komm, wéi de Stuerm OSCAR iwwer d’Insel ewechgezunn ass. Och um Festland gëtt et duerch d’Déif elo méi ongemittlech.

Advertisement

Méi wéi 600 l/m² Reen an Zäit vu 24 Stonnen…

… dat ass e neie Rekord! Gemooss goufen dës Zommen um Areeiro, dem drëtthéchste Bierg vu Madeira. Den ale Rekord geet op den 8. Abrëll 2008 zréck, deemools waren um Pico do Arieiro 346,8 l/m² vum Himmel komm.

Wéi och deemools sinn och dës Kéier erëm Äerdrëtsch, Bulli a Steng/Fielsen an de Stroossen d’Konsequenz. 38 Mënschen hu keen Haus méi, esou heescht et an de Medien. A kuerzer Zäit ware kleng Baachen zu extrem geféierleche Flëss ginn.

Och um Festland gëtt et ongemittlech

De Kär vum Stuerm bleift zwar um Atlantik, gräift mat senge Reebänner awer trotzdeem a Richtung portugisescht Festland aus. Vun haut de Mëtten un komme vum Atlantik hier ëmmer erëm kräfteg Nidderschléi opgezunn, déi vu staarkem Wand begleet ginn. Besonnesch muer um Donneschde sinn dës Nidderschléi mol méi zolitt, och lokal Iwwerschwemmunge kéinten doduerch mol optrieden. Deemno wéi sech d’Nidderschléi verdeele kéint et op de naasste Plaze fir tëscht 50 an 100 l/m² duergoen. Eng Berouegung soll sech e Freiden eréischt bemierkbar maachen.


Déi viraussiichtlech Situatioun bis de Freiden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Wat de Wand betrëfft kënne Vitesse bis 85 km/h optrieden. Net de gréisste Stuerm, an awer alles anescht wéi agréabel.

Dëst alles betrëfft och den äusserste Nordweste vu Spuenien.