Radio 100,7: De Summer 2022 war e Rekordsummer

Wéi et ze erwaarde war, geet de Summer 2022 definitiv an d’Geschichtsbicher an.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 02.09.2022:

Aus meteorologescher Siicht ass de Summer 2022 gëschter op en Enn gaangen. An och, wann ee sech d’Donnéeë nach net ugekuckt huet, kann ee sech schonn denken wéi de Bilan ausgesäit. Bei mir ass elo de Philippe Ernzer, deen eis e bësse méi doriwwer erzielt. Gudde Moie Philippe.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Et kann ee sech schonn denken… ze dréchen, ze waarm, ze sonneg?

De Summer vun dësem Joer war a verschiddenen Hisiichten een vun historeschem Ausmooss, net nëmmen zu Lëtzebuerg mee um ganze Kontinent. D’Haaptroll huet déi massiv Dréchent gespillt, déi och schonn virun der meteorologescher Summer-Saison ugefaangen hat. Duerch dës Basis konnt se sech dunn iwwert de Summer verdeelt weider verschäerfen, iwwerdeems och ze héich Temperaturen an iwwerduerchschnëttlech vill Sonnestonnen en Thema si ginn.

Brong ass et jo dobaussen, mee wéi staark war de Reendefizit dann am Summer 2022?

Dat soen ech dir direkt, mee fir d’éischt wollt ech nach betounen, dass sech all dës Donnéeën op eis Referenz-Wiederstatioun bezéien, déi vum staatleche Wiederdéngscht MeteoLux um Findel bedriwwe gëtt. Mat dëser Info am Hannerkapp, huet et de ganze Summer iwwer um Findel nëmme 74,6 l/m² gereent. Wann een dat Ganzt dann elo mat der Referenzperiod vu 1991 bis 2020 vergläicht, gesäit een eréischt, wéi signifikant d’Dréchent dëst Joer bis ewell war. An engem duerchschnëttleche Summer falen zu Lëtzebuerg nämlech 217 l/m² Reen, wat also bedeit, dass et an dësem Summer ëm 66% manner gereent huet. Esouguer den deemoolege Summer 1976, deen och ze dréche war, kann domat net mathaalen. Mir hunn also den dréchenste Summer zanter op mannst 1947 erlieft.

E weidere Punkt sinn d’Sonnestonnen, och do schénge mir am Iwwerschoss gewiescht ze sinn?

Genee wéi et de bis ewell dréchenste Summer war, war et och de sonnegsten. Normalerweis zielt een an engem Summer zu Lëtzebuerg 735,9 Sonnestonnen. Dëst Joer waren et awer 956,2 Sonnestonnen, also e Plus vun 33%. Mol net am Rekordsummer 2003 huet d’Sonn esou laang geschéngt, deemools waren et 893,3 Stonnen.

Dëse Summer war et jo och immens waarm, mee fir e neie Rekord ass et awer net grad duergaangen.

E war zwar wierklech immens waarm, mee de Summer vun 2003 bleift un der Spëtzt. Dëse Summer iwwer ass eng Duerchschnëttstemperatur vun 20,1 Grad gemooss ginn, 2003 louch dës bei 20,5 Grad. Den elo rezente Summer packt et also, zesumme mat dem vun 2018, op déi zweet Plaz.

Am grousse ganze gesinn huet de Summer 2022 de Normalwäert ëm 2,2 Grad iwwertraff, wat awer eng uerdentlech Hausnummer ass. De 19. Juli ass déi absolut héchst Temperatur opgetrueden, dat mat 36,3 Grad. Déi nidderegst Temperatur gouf um fréie Moie vum 2. Juni gemooss, dat mat 6,8 Grad.

Änlech Temperaturanomalie goufen och vun anere Wiederdéngschter aus eise Nopeschlänner gemellt.

D’Donnéën aus eise Nopeschlänner ergänzen déi vun heiheem ganz gutt. Aus Frankräich mellt Météo France, dass de Summer 2,3 Grad ze waarm war. Och do war et den zweetwäermste Summer, un der Spëtzt bleift deen vun 2003. Aus Däitschland mellt den Deutscher Wetterdienst eng Temperaturanomalie vun 2,9 Grad. All dat sinn Zuele mat schwéierem Gewiicht, den Trend fir déi nächst 30 Joer weist op alle Fall no uewen.

Kann een dann schonn weider Aussiichte fir den Hierscht ginn?

Fir déi nächst dräi Méint, déi jo dem meteorologeschen Hierscht ugehéieren, ginn all Kéiers liicht ze héich Temperature simuléiert. Dëst sinn d’Erkenntnisser aus Laangzäitmodeller, déi een awer méi als Estimatioun opfaasse soll. Wat de Reen betrëfft, kéinte mir am Endeffekt awer bei plusminus duerchschnëttleche Wäerter erauskommen, wann et dem amerikanesche Modell nogeet. Iwwerdeems et elo am September normal vill bis fläit e bësse méi reene soll, d’selwecht och am November, soll den Oktober en däitlech ze dréchene Mount ginn. Wéi et wierklech kënnt, hale mir hei jo souwisou genee am Aen.

De Summer 2022 huet also net nëmme bei eis heiheem, mee och an eise Nopeschlänner Spueren hannerlooss. Merci Philippe Ernzer fir de Bilan a bis geschwënn.