Radio 100,7: E bësse Frascht ass nach kee Wanter

Dës Woch koum erëm bësse Beweegung an d’Wiederkichen. No dem dominanten Héichdrockwieder vun der leschter Woch ass et mëttlerweil erëm méi variabel dobausse ginn. D’Woch hat bis ewell e bësse vun allem eppes ze bidden. Esouguer de Frascht ass mol erëm laanscht kucke komm.

D’Woch haat bis ewell e bëssen vun allem eppes ze bidden. Esouguer de Frascht ass mol rem laanscht kucke komm.

De Frascht ass laanscht kucke komm an e wäert och nach kuerz bei eis bleiwen. Ier mir eis awer op déi weider Aussiichte konzentréiere, kucke mir wéi ëmmer eng Kéier zréck op di vergaangen Deeg. Eis Temperature louchen deelweis erëm liicht iwwert dem Duerchschnëtt, deen an engem November zu Lëtzebuerg bei 9,5 Grad läit. Um Méinden hate mir et mat Maximaltemperature vun tëscht 8 an 12 Grad ze dinn, um Dënschde war et bei 9 bis 13 Grad net vill anescht. Um Mëttwoch sinn eis erëm méi waarm Loftmassen zougespillt ginn, dat duerch déiwe Loftdrock iwwert de britteschen Inselen an héije Loftdrock iwwert dem ëstlechen Europa. Eis Temperaturen hunn zwar kee grousse, mee awer e klenge Ruck no uewe gemaach. Tëscht 12 a 15 Grad konnte gemooss ginn, iwwerduerchschnëttlech fir d’Joreszäit. Gëschter um Donneschde sinn d’Temperaturen e bëssen zréckgaang, tëscht 7 an 10 Grad goufe gemooss – dëst hung awer och mat enger Kalfront zesummen, déi um Donneschdemoien iwwer Lëtzebuerg ewechgezunn ass an eis och nach dagsiwwer beschäftegt huet. No a no si polar Loftmassen eragezu komm, wat och de Grond dofir ass, dass et elo um Freidemoien zu Frascht komm ass resp. ëmmer nach kënnt. De frëndlechsten Dag vun der Woch war bis ewell de Mëttwoch mat ville sonnege Momenter, am Fall wou sech de Niwwel opléise konnt. Fir de Rescht hate mir et un den aneren Deeg oft mat engem Mix aus ville Wolleken, e puer Schaueren an och eenzelne sonnege Momenter ze dinn.

De Frascht ass de Moment jo kuerz zréck zu Lëtzebuerg. Kann do nach méi draus ginn, oder musse mir nach op de Wanterabroch waarden?

Wéi et ausgesäit, musse mir tatsächlech nach e bësse waarde, bis eis e richtege Wanterabroch usteet. Wéi d’lescht Woch ugeschwat, sollt genee elo d’Warscheinlechkeet vun eenzelne Flacke bestoen. Dës Ausso huet sech bis haut och confirméiert, just war et gëschter Owend esou, dass de meeschte Reen schonn déi héchst Géigende vum Land verlooss huet wou et mol bis kal genuch war, dass sech mat ganz vill Chance mol hätt kennen eng kleng Fläckelchen ënnert de Reen mëschen. Grousses war net ze erwaarden an och wann et dozou komm wier, hätt een et net wierklech mol matkritt. Wat eis de Modellrechnunge no elo awer usteet, schwätzt net fir e Wanterabroch. Dem amerikanesche GFS no gerode mir Ufanks der Woch erëm ënnert den Afloss vu méi mëlle Loftmasse, wouduerch de Frascht erëm ëmmer méi rar gëtt. D’Temperature wäerte sech dagsiwwer viraussiichtlech am Beräich vun de 5 bis 10 Grad apendlen, an de Nuechte sollte mir gréisstendeels iwwert dem Gefréierpunkt bleiwen. Et wäert just an eenzelne Fäll kënnen anescht kommen. Well mir och méi ënnert dem Afloss vun héijem Loftdrock leie wéi déiwem, sinn och net all ze vill Nidderschléi ze erwaarden. E klengen Ëmschwong kéint eis vum Mëttwoch un ustoe, wou et dem amerikanesche Modell no erëm méi kill sollt ginn an och erëm Schaueren optriede kéinten. Dem europäesche Modell no soll et awer nach méi laang mat méi mëlle Loftmasse viru goen an géint de Freiden eréischt lues a lues manner mëll ginn. Mat Chance kristalliséiert sech op mannst mol eraus, dass et vum 26. November un wéinstens erëm zu méi Nidderschléi komme kann.

De Frascht ass de Weekend awer nach en Thema.

Di polar Loftmassen, déi besonnesch haut iwwert eise Käpp leie, verzéie sech a Richtung Sonnden ëmmer méi wäit an den Oste vum Kontinent a kommen de Méinden a Russland un. Dëst bréngt mat séch, dass mir et virun allem an de fréie Moiesstonne mat der Warscheinlechkeet vu lokal glate Stroossen ze di kréien. A well mir och ënner Héichdrockafloss leie, kënnt och erëm bëssen d’Thema Niwwel-Lotto op. Haut um Freide sinn eng Partie Wolleken ënnerwee, wann et de Niwwel zouléisst kënnt sech d’Sonn och heiansdo weisen. Et si just nach 3 bis 8 Grad als Maximaltemperatur ze erwaarden. Muer um Samsde gëtt et kuerz méi kniffleg, well de Niwwel do iwwer sou munches entscheed. Léist e sech am Virmëtten op, dann ass dagsiwwer mat 5 bis 8 Grad ze rechnen. Léist e sech net sou séier op an e bleift bis an de Nomëtte bei eis, wéi verschidde Modeller et gesinn, da kéint et sinn dass d’Temperature net iwwer 0 bis 3 Grad erausklammen. Leeft et nom eigentleche Plang, da gëtt et frëndlech a sonneg. Um Moien ass et awer nach fir d’Éischt fraschteg bei -3 bis 2 Grad, glat Stroosse si méiglech. Um Sonnde gëtt et erëm méi gro, eng Kalfront zitt schläifend iwwer Lëtzebuerg ewech. Iwwerdeems ass et awer wäitgoend reenfräi wat Nidderschléi a Form vu Schaueren ugeet, héchstens Fisemreen ass mol méiglech. Um Moien ass et bei -1 bis 3 Grad nach méi kill, duerno si Maximalwäerter vu 6 bis 9 Grad ze erwaarden.