Radio 100,7: E virsiichtegen éischte Bléck a Richtung Chrëschtdag

Sou lues awer sécher kënnt d’Vir-Chrëschtdagsstëmmung op, virun allem well et an de leschten Deeg ëmmer rem wanterlech Ofschnëtter mat Frascht an och Schnéi ginn huet. An der Emissioun vum Reen a Bou vun haut woe mir en éischte Bléck a Richtung Chrëschtdag.

Ier mir awer op déi méi schéin Zäit am Joer kucken, hues du awer sécherlech nach e klenge Réckbléck op déi vergaangen Deeg parat.

Genee dat. Wéi ëmmer kucke mir fir d’éischt op déi vergaangen Deeg zréck fir nach eng Kéier ze beliichten, wéi déi momentan Wiederlag am Allgemengen ausgesäit. Déi momentan Woch war zwar eigentlech eng zimmlech roueg, mee op kee Fall eng oninteressant. Nodeems mir et um Owend vum 30. November resp. an der Nuecht op den 1. Dezember mam éischte Schnéi op de Koppe vum Land ze dinn haten, ass an den Deeg drop ëmmer méi oft mat weidere Situatioune gerechent ginn, an deenen et méiglecherweis schneie kéint. E gutt Beispill war de leschte Weekend, wou d’Wiedermodeller kuerzzäiteg mat enger Schnéicouche vu bis ëm 10 cm fir de vergaangene Méinde gerechent hunn. Kuerz virdrun huet sech dat ganzt awer staark gedréint, de Schnéi war kaum nach an de Modellrechnunge present a mir sinn tatsächlech eidel ausgaangen.

Déi nächst Chance fir Schnéiflacken huet awer net laang op sech waarde gelooss: nodeems d’Warscheinlechkeet fir Schnéiflacken de Modeller no fir den Dënschden eigentlech net all ze héich gerechent gouf, krute mir dunn awer fir déi zweet Kéier Schnéi op de Koppen an esouguer eng éischt Kéier op méi niddrëg geleeë Plazen. Mir schwätze vun de Quantitéiten hier zwar just vun engem dënne Flom, mee Lëtzebuerg huet, wat d’Saison 2020/2021 ugeet, säin éischte Schnéi nach an der éischter Dezemberhallschent gesinn.

Um Méinde louchen eis Maximaltemperaturen tëscht 1 a 5 Grad, um Dënschde waren et 0 bis 4 Grad, de Mëttwoch esouguer nëmme -2 bis 3 Grad a gëschter um Donneschden ass den Thermometer op e Maximum vu -1 bis 3 Grad geklomm.

Et kann een awer elo schonn soen, dass mir dës Wäerter net mat an déi no Zukunft eranhuelen wäerten.

Heescht dat, dass et grad elo kuerz viru Chrëschtdag erëm soll méi waarm ginn?

An de leschte Joren hate mir richteg Pech wat Schnéi u Chrëschtdag ugeet… an jo, an de nächsten Deeg soll et mat grousser Warscheinlechkeet erëm iwwerduerchschnëttlech waarm fir d’Joreszäit bei eis ginn. De Grond dofir ass deen, dass sech d’Grousswiederlag erëm anescht zesummestellt. Mir geroden erëm ënnert eng westlech bis südwestlech Stréimung, wat mat engem groussen Déifdrockkomplex iwwert dem Atlantik an héijem Loftdrock iwwert dem ëstlechen Europa zesummenhänkt. Et stréimen domat net nëmme méi waarm Loftmassen op Lëtzebuerg, mee och d’Warscheinlechkeet vu reegelméissege Nidderschléi a Form vu Reen ass do. Wa sech déi momentan Modellrechnunge wierklech duerchsetze sollten, dann hätte mir et schonn um Méinde mat 8 bis 10 Grad ze dinn, um Dënschde wieren eventuell esouguer bis zu 12 Grad dran. Och an de Nuechte géif sech de Frascht erëm rar maachen – d’Wieder wier also méi oder manner anti-Wanter agestallt.

Wéi laang soll dat awer unhalen? Geet et dem aktuelle Stand no, da soll et kuerz virun der Woch vum 21. Dezember schonn lues a lues ufänken erëm méi kill ze ginn. Mat ganz vill Chance hätte mir et ronderëm Chrëschtdag erëm mat Loftmassen ze dinn, déi wanterlecht Wieder zouloosse géifen. Méiglecherweis kann dat awer mat enger gudder Portioun Wand an engem Mix aus Schnéi & Reen iwwer d’Bühn goen.

Fir zesummenzefaassen also: vun der nächster Woch u gëtt et mat grousser Sécherheet méi waarm, ier den Temperaturtrend a Richtung Chrëschtdag erëm no ënne weist. Elo schonn eng Warscheinlechkeet fir wäiss Chrëschtdeeg auszeschwätzen, ass op enger serieuxer Basis leider nach net méiglech.

Setzt dës Erwiermung dann och schonn elo de Weekend an, oder bleift et nach kuerz méi wanterlech bei eis?

Déi eenzeg méi wanterlech Entwécklunge sinn elo an dëse Stonne nach méiglech, dat a Form vun e bësse Schnéi mee awer och der Warscheinlechkeet vu Schnéireen an esouguer Glëtz. D’Flacken zéie sech an de nächste Stonnen op déi héchst Koppe vum Land zréck, ier se kuerz drop dann komplett aus dem Land verschwannen. Déi héchst Temperature sollen et haut beispillsweis schonn op 6 Grad packen, dat besonnesch laanscht de Südoste vum Land. Wat de Wiederzoustand ugeet hu mir et meeschtens mat engem groen Himmel ze dinn, deen eis ëmmer erëm Reen op Lëtzebuerg bréngt. Um Samsde gesäit et net anescht aus, mat 6 bis 8 Grad mécht sech lues a lues bemierkbar, dass eis Temperature wierklech um Wee no uewe sinn. D’Fréitemperature leie nach bei ëm 2 Grad.

Um Sonnde soll et bësse manner naass sinn, mat vill Chance ka sech bei 5 bis 8 Grad och mol kuerz d’Sonn weise kommen. Et sollt een sech awer net wierklech drop astellen, well d’Iwwerhand hunn definitiv d’Wolleken. Déi nächst Woch gëtt dann, wéi schonn ugemierkt, eng nawell mëll an de Wanter mécht kuerz Paus.