Radio 100,7: En éischten Hauch vum Wanter?

An Däitschland falen déi éischt Flacken - den éischte Schnéi vun der Saison weist sech schonn plazeweis a Form vun engem dënne Flom. D'Chancen op déi eng oder aner Flack bei eis si net null, mee awer och net weltbeweegend.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 18.11.2022:

An Däitschland ass an de nächste Stonnen an Deeg mam éischte Schnéi vun der Saison ze rechnen – an domat sinn net nëmmen d’Alpen gemengt. Ob et fläit awer esouguer och bei eis fir eng Flack duergoe kann, dat wees de Philippe Ernzer. Gudde Moien.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

D’Wiedermodeller sinn ëmmer fir eng Iwwerraschung parat wéi et schéngt.

Virun e puer Deeg sinn d’Schnéischaueren, déi vun haut un bis de Sonnden iwwer Däitschland ze erwaarde sinn, tatsächlech just vun eenzelne Modeller berechent ginn. Déi lescht Modell-Leef vu geschter a virgëschter confirméieren awer no a no méi den Zenario, dass Däitschland wierklech den éischte wanterleche Mix ze erwaarden huet. Dat net an den Alpen, mee esouguer am Däitsche Flaachland.

Et ass eng Sträif vu Mecklenburg-Vorpommern iwwer Brandenburg, Sachsen-Anhalt, Sachsen, Thüringen, Hessen, Nordrhein-Westfalen, a Nordbayern an där bis de Sonnden déi éischt Schnéischaueren optriede kënnen. Wat d’Schnéihéichten ugeet ginn d’Modellrechnungen awer nach zimmlech auserneen… op de schnéiräichste Plaze sinn awer definitiv bis ëm 10 cm net ausgeschloss. Do, wou et e bësse schneit, sinn tëscht 1 a 4 cm denkbar.

Déi ganz Situatioun kënnt duerch eng Loftmassegrenz zustanen, déi sech ebe vum nordwestlechen Däitschland a Richtung Südweste beweegt. Un dëse Loftmassegrenzen ass et ganz normal, dass sech erzwongenerweis ëmmer erëm Nidderschléi forméieren. Duerch gënschteg Loftmassentemperaturen stëmmen d’Konditiounen fir déi éischt wanterlech Gréiss.

Dat héiert sech jo esou un, wéi et an Däitschland wierklech elo souwäit wier. Wéi ass et dann mat Lëtzebuerg? Do hate mir an de leschten Emissiounen jo och schonn e puer mol driwwer gegrübelt.

Wat Lëtzebuerg betrëfft, hat et an eisem leschten Update jo dono ausgesinn, wéi wann et vun de Nidderschlagsverdeelung méi oder manner passe géif, mee halt ebe net vun der Loftmassentemperatur. Fir dass et op eise Koppen zu Schnéifall kënnt, muss d’Temperatur op 1,5 Kilometer bei gutt -5 Grad leien – fir dass de Schnéi och bis op déi nidderegst Plaze kënnt, muss et an där selwechter Héicht -10 Grad kal sinn. Wat awer de Schnéireen betrëfft, do muss et awer jeeweils net grad esou kill sinn.

Zanter de Mëttwoch ginn et ëmmer erëm Modellrechnungen, déi tatsächlech mat den éischte Flacken op eisen héchste Koppe rechnen. Dat eemol fir de Sonnden, an dann nach eemol fir de Méindenowend. Dat wat sech de Kaarte no ofspille kann, entsprécht awer enger gudder Portioun Chance. An der virleschter Emissioun dorëmmer hat ech betount, dass d’Chancen op déi éischt Flacke bei eis just géinge bestoen, falls aus Westen op eemol en Déif eragezu kéim, wat seng Nidderschléi kuerzzäiteg an e richteg kalen Environnement drécke géif. Genee dës Iddi gett elo an de Modeller ënnerstëtzt – sollt et also dozou kommen, da just mat immens grousser Chance.

Kann een vun enger méiglecher Schnéicouche schwätzen oder ass dat méi eppes fir eng aner Kéier?

Dat mat der Schnéicouche ass nach sou eng Saach, déi héchstwarscheinlech fir eng aner Kéier méi relevant gëtt. Esou wéi ech déi momentan Kaarten interpretéieren wäert sech dat ganzt esou ofspillen, dass et vum Sonndevirmëtten bis an de spéidere Nomëtten eran op den héchste Koppe vun eisem Land zu vereenzelte Flacken tëscht dem Reen komme kann, Schnéireen also. Déi bescht Chancen dofir bestinn op iwwer 500 Meter. E weideren Zäitpunkt, un deem Schnéireen méiglech ass, wier méiglecherweis de Méindenowend resp. Nuecht op den Dënschden. Och dann bestinn déi bescht Viraussetzungen erëm op iwwer 500 Meter – et géif also déi mannst déi hei nolauschteren iwwerhaapt betreffen.

Fazit aktuell also: op de Koppen e puer Flacken am Reen jo, mee fir weideres musse mir eis nach gedëllegen. Op allen anere Plazen ass et Reen. Eng Schnéicouche ass immens onwarscheinlech.

A wa mir sou generell op de Weekend kucken, op wat musse mir eis astellen?

De Weekend si vill Wolleken ënnerwee, dobäi kann et dotëscht ëmmer erëm zu enger Schauer kommen. Mat vill Chance ass haut mol e sonnege Moment dotëscht dobäi, d’Temperature klammen op 7 an 10 Grad. Muer um Samsde sinn et nach 5 bis 9 Grad an de Sonnde sinn et 3 bis 8 Grad. Et geet also uerdentlech biergof mat eisen Temperaturen, déi déck Jackett ass also méi wéi ubruecht. De Wand fänkt eréischt de Sonnden un erëm méi spierbar ze ginn.


Et ass November, an dat spiere mir de Weekend ganz gutt. De nächsten Update eisersäits gëtt et de Méinden. Merci Philippe Ernzer a bis dann.