Radio 100,7: Héije Loftdrock probéiert d’Iwwerhand ze halen

No der iwwerduerchschnëttlecher Hëtzt vun der leschter a virleschter Woch geet et mat geméissegten Temperature virun.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 28.06.2022:

Iwwer Mëtteleuropa spillt sech een Donnerwieder-Dag nom aneren of. Och zu Lëtzebuerg huet et heiansdo, wéi erwaart, gekraacht. Ob mir dëse variable Charakter esou bäibehale, wees de Philippe Ernzer. Schéine gudde Moien.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Déi lescht Woch war nawell eng variabel.

Et war vum reegelméissege Wiessel hier änlech wéi Abrëllswieder, mee ebe just op summerlechem Niveau. Dat huet op d’Temperaturen zougetraff, mee awer och op d’Wiedergeschéien u sech. De leschte Méinde ware mir mat 17 bis 20 Grad am Dag an d’Woch gestart, an den Deeg drop ass et séier méi waarm ginn. Um Freide gouf de Peak mat tëscht 25 an 28 Grad erreecht. Mir hunn eis also vun den iwwerduerchschnëttlechen Temperaturen ewechbeweegt.

Wat och nach erwäänenswäert ass, war d’Donnerwiedersituatioun um Donneschdenowend. De Bilan: an der Stauséigemeng esouwéi och un der Nordspëtzt si punktuell bis zu 40 l/m² a kuerzer Zäit gefall – dat selwecht gëlt och fir de Raum Diddeleng a generell d’Grenzgebitt Lëtzebuerg/Frankräich, wou Radarmiessunge no och tëscht 30 a 40 l/m² an Zäit vun enger Stonn gemooss goufen. Punktuell begrenzt ass et zu iwwerschwemmte Stroossen an och mol Kellere komm. Ënnert de kräftegsten Donnerwiederzelle si Knëppelsteng bis 2 cm am Duerchmiesser opgetrueden. Zu Beetebuerg war de Wand mat 85 km/h am stäerksten, déi zweet Plaz kritt Wolz mat 80 km/h.

Méi markant war et awer bei eise franséische Noperen.

Zanter dem 1 Juni sinn ëmmer erëm gréisser Donnerwiederkomplexer iwwer d’Südhallschent vu Frankräich ewechgezunn. Haaptmierkmol: grouss Knëppelsteng, déi deelsweis Gréisste vu bis zu 8 cm am Duerchmiesser erreecht hunn. Vun esou Geschosser ass Lëtzebuerg bis ewell awer glécklecherweis verschount bliwwen.

Och am äusserste Südoste vun Däitschland si gëschter nach Knëppelsteng esou grouss wéi Tennisbäll erofkomm. Markant war et dann och e Méindenomëtten an Holland: en Tornado ass duerch Zierikzee an der Provënz Zeeland gezunn – eng Géigend, an déi ee gäre mol an d’Vakanz geet. E Méindenowend ass vun 10 Blesséierten an och engem Doudesaffer geschwat ginn.

Wéi geet et dann elo an de nächsten Deeg zu Lëtzebuerg virun?

D’Woch wäert wuel net méi grad esou variabel ausfale wéi déi lescht, an awer ass net mat 100% stabilem Héichdrockwieder ze rechnen. Gëschter um Méinden hate mir bis an de Nomëtten era vill Wolleken an e puer Schaueren. Haut gëtt et erëm e gudden Tick besser bei 24 bis 26 Grad, Sonn a Wolleke wiessle sech of. Och de Mëttwoch soll et nach frëndlech bleiwe mat ville sonnege Momenter, also erëm eng Phas wou den héije Loftdrock d’Iwwerhand huet. Fir den Donneschdenowend kënnegt sech dann awer erëm eng Kalfront un, duerch déi et méiglecherweis erëm zu Donnerwieder komme kann. Soubal dës Front duerch ass, gëtt et spéitstens fir de spéidere Freidenomëtte schéi frëndlech duerch erëm héije Loftdrock. Dëst soll dann esou bis de Sonnde kënne virugoen. Temperaturméisseg beweege mir eis lues a lues a Richtung 30 Grad, wann déi momentan Modellrechnunge bei hirer Meenung bleiwen.

Apropos Temperaturen: Ass fläit erëm eng méi hëtzeg Situatioun an Aussiicht?

Dës Woch leie mir jo nach, wéi gesot, ënnert engem geméissegten Temperaturberäich. Den amerikanesche Wiedermodell GFS gesäit dëst och bis an déi zweet Hallschent vun der nächster Woch esou virugoen. An dann opgepasst: Spekulatiounsberäich! Mee wann d’Situatioun vun elo de Moment bäigehale sollt ginn, da kéinte ronderëmt den 10. Juli erëm Héichsummertemperature vu bis zu 35 Grad ustoen. Wéi gesot: et ass keng Prognos mee just eng Iddi vun de momentane Modellrechnungen. Mir halen dat natierlech awer am Aen.

Kal gëtt et dann a nächster Zäit sécherlech mol net. Merci dir Philippe Ernzer a bis d’nächst Woch.