Radio 100,7: Kuerze Bilan vum Joer 2021 & de Bléck op méi wanterlecht Wieder

Nodeems 2020 dat wäermst Joer zanter Opzeechnungsufank war, war 2021 dat keelst zanter siwe Joer. Ofgesinn dovu kucke mir weider op déi nächst Deeg; et gëtt méi kill.

De Moie sinn ech um Radio 100,7 kuerz op dat vergaangent Joer agaangen, hunn awer och d’Chancen op méi wanterlecht Wieder elo an de nächste Stonnen an Deeg beliicht.

Wéi kann een dat meteorologescht Joer 2021 resuméieren?

Nodeems d’Joer 2020 dat wäermst bis ewell gemoossent Joer zu Lëtzebuerg war, louch d’Duerchschnëttstemperatur um Findel am Joer 2021 mat 9,4 Grad 0,4 Grad ënnert der laangjäreger Moyenne, déi bei 9,8 Grad läit. Et war soumat dat keelste Joer zanter de leschte siwen.

A Saache Nidderschléi war bei de Meteorologen um Findel e gerénge Nidderschlagsdefizit ze verzeechnen. Iwwer d’Joer sinn 784,2 l/m² gefall – den Duerchschnëtt, gemooss tëscht de Joren 1991 an 2020 – läit bei 831,5 l/m². Et huet also ëm 47,3 l/m² ze mann gereent.

Och wat d’Sonnestonnen ugeet, ass keng gréisser Anomalie registréiert ginn. Vun duerchschnëttlechen 1802,9 Stonnen huet d’Sonn am Joer 2021 1850,9 Stonne geschéngt – dëst ass also e minimale Plus vu grad emol 48 Stonnen.

Och wann d’Joer 2021 am grousse Ganzen ze kill ausgefall ass, sief awer ze erwäänen, dass den 31. Mäerz 2021 mat 23,5 Grad e neien Allzäitrekord um Findel opgestallt gouf. Et war nämlech déi héchst Temperatur fir e Mount Mäerz, déi zanter Opzeechnungsufank am Joer 1947 um Findel gemooss gouf. Wat de Summer betrëfft, war de Mount Juli 2021 den zweetnaasste Juli-Mount zanter Opzeechnungsufank. Dozou bäigedroen huet déi bekannt schwéier Onwiederlag vum 14. Juli duerch zolitte Reen, bei där um Flughafen an Zäit vun 12 Stonnen 74,2 l/m² erofkomm sinn. Och dëst ass e neien Allzäitrekord.

Wa mir op de Present zréckkommen, hu mir et de Moment erëm mat ze héijen Temperaturen ze dinn?

Dat ass richteg – an och de Grond, firwat et mam Schnéi de Moment näischt gëtt… nach. Eigentlech ass de Wanter guer net mol esou wäit ewech.

Haut um Dënschde reent et mol nach de ganzen Dag duerch, wat un engem Randdéif läit. De Kär vun dësem Randdéif huet eis an der vergaangener Nuecht passéiert, dréit awer nach monter Reen op Lëtzebuerg. Den Dauerreen sollt awer am Laf vun den Owesstonnen op en Enn kommen. Dat interessant dobäi: hannert dem Randdéif kommen aus Nordweste polar Loftmassen eragezunn. Duerch d’Zesummespill mat de leschte Nidderschléi déi um Owend nach aktiv sinn ass et méiglech, dass zumools op de Koppe vum Land eenzel Flacken erofkommen. Fir de Rescht besteet an de Stonnen drop am ganze Land e klenge Risk vu glate Streckenofschnëtter.

Och um Mëttwoch selwer bleift et oft gro, eenzel Nidderschléi sinn erëm dobäi. Meeschtens zwar als Reen, lokal duerch Maximaltemperature vun tëscht 2 a 5 Grad och mol als Schnéireen. Grouss falen dës Quantitéiten awer net aus. An der Nuecht op den Donneschden ass mat liichtem Frascht ze rechnen. Um Donneschde selwer sinn eng Partie Wolleken a Niwwelfelder ënnerwee, dat bei 1 bis 5 Grad. Ausser Fisemreen sollt et dréche bleiwen.

Wat wanterlech Zenarie mat Schnéi ugeet, kéint de Freiden interessant ginn. Aktuelle Modeller no soll nämlech eng Front mat Nidderschléi a kale Loftmassen eragezu kommen, déi d’Warscheinlechkeet vun dem engen oder aneren Zentimeter Schnéi aus aktueller Siicht gesinn an d’Luucht drécke géif. Et geet also interessant a mat enger gewësser Spannung virun.