Radio 100,7: Lëtzebuerg zielt déi éischt Summerdeeg

De kalendaresche Summer ass guer net méi esou wäit fort an d’Temperature spille mat. De Reen kënnt awer weiderhin ze kuerz.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 10.05.2022:

D’lescht Woch hate mir op déi éischt potenziell summerlech Wieder-Berechnunge gekuckt, gëschter war et dunn esouwäit. De Philippe Ernzer zielt eis elo, wéi et virugeet an och, ob de Frascht eventuell awer nach eng Chance huet. Gudde Moien.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Dat mam éischte Summerdag zu Lëtzebuerg huet geklappt.

Genee, wéi d’lescht Woch op dëser Plaz ugekënnegt, hu sech déi summerlech Berechnunge konnten duerchsetzen. Gëschter um Méinde sinn d’Temperaturen zu Ettelbréck an zu Beetebuerg op e Maximum vu 26,5 Grad geklomm – zu Eschduerf war et mat 27,1 Grad am wäermsten. Soubal d’Temperatur op op mannst 25 Grad klëmmt schwätzt ee vun engem meteorologesche Summerdag. Dëst gëlt awer just, wann der Norm no gemooss gëtt.

Wéi ass dës Norm definéiert?

Der weltwäiter meteorologescher Norm no gëtt d’Temperatur meeschtens op 2 Meter iwwert dem Buedem gemooss. De Sensor befënnt sech an engem Schutzgehais, duerch dat et ëmmer eng duerchgängeg Loftzirkulatioun gëtt. Zousätzlech verhënnert dëst och, dass de Sensor der direkter Sonnestralung ausgesat ass. Dëst huet en änlechen Effekt wéi wann een d’Temperatur am Schiet moosse géif. D’Norm ass dofir do, fir dass een d’Temperaturen op globaler Basis matenee vergläiche kann. Gëtt se net dëser Norm no gemooss, da sinn se net weider meteorologesch relevant – wéi z.B den Thermometer am Auto oder d’Temperatur-Unzeigen, déi een heiansdo laanscht d’Strooss gesäit.

Bleiwen déi summerlech Temperaturen dann elo bei eis?

Vum Donnesche bis de Samsde ginn d’Loftmassen, déi eis déi momentan summerlech Temperature bréngen, kuerzzäiteg manner waarm. Haut um Dënschden ass mat 23 bis 26 Grad ze rechnen, muer de Mëttwoch mat 24 bis 28 Grad, an um Donneschde wiere mir dann erëm bei 18 bis 23 Grad. Dës Wäerter sollen dann bis de Samsde bäigehale ginn, ier et duerno erëm méi waarm sollt ginn.

Wat soen d’Berechnungen fir duerno?

Mir si wuel erëm bei engem méi spekulativen Deel ukomm, allerdéngs wëllen d’Modeller et net ausschléissen, dass mir vum Méinden un 25 bis 29 Grad kéinten erreechen. Sollten dës Wäerter esou kommen, da sollt een awer lues a lues mat der Gefor vu lokalen Donnerwieder rechnen.

Et gëtt och nach oft gefrot, ob de Frascht iergendwann nach kéint erëmkommen. Ass dat nach dran oder ass et ze spéit dofir?

Vun der Joreszäit hier wier et net ze spéit, mee wa mir a Saache Berechnunge vun de Wiedermodeller kucken, da besteet an der Nuecht op de Samsde ganz lokal begrenzt, zumools an den Däller, d’Warscheinlechkeet vun Temperaturen déi op bis ëm 3 Grad erofgoe kéinten. Dëst ass awer, wéi gesot, op den allermannste Plazen de Fall. De Gros vun de Nuetsfräscht ass also definitiv duerch.

Wat de Reen betrëfft gesäit et ëmmer nach net esou gutt aus.

Et fänkt esou lues wierklech un, ze dréchen ze ginn. A wann een elo dem europäesche Modell nogoe géif, dann géif sech dat esoubal net änneren. Bis un de leschten Zäitpunkt, wou e rechne kann – also bis den 18. Mee – ass guer näischt bis hin zu fläit mol 1 l/m² dobäi. Den amerikanesche Modell rechent bis dohin och just mat 1 bis 2 l/m². Sollt et duerno och esou viru goen, da stéing engem ze dréchenem Mee leider näischt méi am Wee.

An zu gudder Lescht nach de Saharastëbs, deen zesumme mat de Pollen fir vill Dreck suergt.

Dat kann een hart soen! Mee wa mir op de Saharastëbs kucken, da sollt eis bis an déi nächst Woch eran keng gréisser Liwwerung méi ustoen. De Pollefluch vun der Eech an der Buch ass a bleift awer weiderhi méi intensiv a mécht dat schéint Wieder fir ufälleg Persounen e bësse manner agréabel.

Dann sinn mir jo erëm iwwer alles, wat aktuell ass, gebriefed. Merci dir Philippe Ernzer a bis d’nächst Woch.