Radio 100,7: Meteorologesch Analys vum Tornado (09. August 2019)

Radio 100,7: Am Nomëtteg vum Freideg, dem 9. August 2019, ass e staarken Tornado iwwer Deeler vum Südweste vum Land ewechgezunn. Op sengem Wee huet e massive Schued ugeriicht, 19 Persoune goufe blesséiert. Wéi konnt et zu dëser Naturkatastroph kommen? Eng meteorologesch Analys vum Philippe Ernzer.

Link: D’Iwwersiicht zu allen Emissiounen

Ganz Analys fir matzeliesen inkl. Grafiken:

Dësen Tornado ass am Beräich vun enger sougenannter Superzell entstanen. Eng Superzell ass en Donnerwieder, bei deem den Opwandberäich rotéiert. Am Beräich vun dësen Opwandbasen ass d’Wahrscheinlechkeet vun der Entwécklung vun engem Tornado signifikant erhéicht.


Opbau vun enger Superzell. Grafik: Steven L. Horstmeyer

Synoptik vum 09. August 2019

De Freide louche mir ënnert dem Afloss vum Stuermdéif YAP, wat mat sengem Kär iwwert de briteschen Inselen louch. D’Kalfront vun dësem Stuermdéif huet eis am Nomëtte passéiert. Virum Passage vun der Front louche mir an enger westlecher bis südwestlecher Stréimung, soudass engersäits déi waarm Loftmassen aus Südeuropa an anerersäits déi fiicht Atlantikloft an eis Géigende gelenkt ginn ass. D’Resultat: Eng extrem schmeier Loft. Am Nomëtte goufen deelweis Taupunkter vun iwwer 20 Grad gemooss, dat bei Lofttemperature vu 24 bis 30 Grad. Mat dobäi koum eng ausgepräägt Wandscherung vum Buedem bis wäit erop. D’Wandscherung beschreift d’Wandrichtungs- a Geschwindëgkeetsännerung mat der Héicht. Wat och nach matgespillt huet, war d’Instabilitéit an der Atmosphär. Dës kann ënnert anerem mat de Parameteren Lifted Index, K-Index an CAPE ausgedréckt ginn. CAPE steet fir “Convective Available Potential Energy” a beschreift déi potenziell zur Verfügung stoend Energie, déi sech bei engem Donnerwieder entluede kann. Mat Wäerter vun 1200 bis 1800 J/kg war de Wäert zwar net sou extrem héich, mee zesumme mat den anere Parametere geet dëst scho fir markant Evenementer duer. Héichopléisend Wiedermodeller hu schonn um Owend virdrun Hiweiser drop gewisen, dass all Donnerwieder, wat sech am Beräich vun dëser Kalfront entwéckelt, an an de Géigende vum Nordoste vu Frankräich, dem Oste vun der Belsch, Lëtzebuerg, an dem Weste souwéi der Mëtt vun Däitschland läit, dozou capabel ass, zu enger Superzell ze ginn.

Superzellen an hir Entstéiung

Mee wéi entsteet eng Superzell iwwerhaapt? Eng Superzell ass am Ufank e ganz normaalt Donnerwieder. Donnerwieder si vu wäitem oft als héich, ambossförmeg Wolleken ze erkennen. D’Ambossform kréie se, wann eng Cumuluswollek sou héich an den Himmel wiisst, bis se net méi weider wuesse kann. Dat ass an ongeféier 12 Kilometer Héicht. D’Wollek breet sech also net méi no uewen aus, mee horizontal. Dës Wollekeformatioun gëtt Cumulonimbus genannt.

Well des Wollék eben 12 Kilometer a bei Ausname souguer nach méi héich ka ginn, befënnt se sech an ënnerschiddleche Loftschichten. Wa vum Buedem aus, iwwer d’Wollékebasis eraus bis uewen un d’Spëtzt de Wand aus verschiddene Richtungen a mat enger ënnerschiddlecher Vitesse bléist, also déi vu virdrun ugeschwat Wandscherung, kënnt et zu enger horizontaler Verwirbelung. All Donnerwieder huet en Opwandberäich, also e Beräich, wou déi fiichtwaarm Loftmasse no uewen an den Donnerwiedertuerm eragesaugt ginn an de System um Liewe gehale gëtt. Dësen Opwand dréckt elo déi horizontal Verwirbelung vun ënnen an d’Vertikaalt, soudass de ganzen Opwandberäich ufänkt, sech em seng eegen Achs ze dréinen. Gëtt dësen Zoustand iwwer eng gutt hallef Stonn bäigehalen, da schwätzt een meteorologesch gesinn vun enger Superzell.

D’Wandscherung versetzt d’Loft a Rotatioun. Grafik: Vanessa Ezekowitz

Déi horizontal Rotatioun kippt duerch den Opwand, dee vun ënne kënnt, an d’Vertikaalt. Grafik: Vanessa Ezekowitz

De Verlaf vum Tornado-Dag

De Freide waren direkt zwou Superzellen an eiser Ëmgéigend. Déi éischt ass tësche 17:15 a 17:55 mat sengem Mesozyklon, also dem rotéierendem Opwand, ganz knapp südöstlech un eisem Land laanschtgezunn. En Tornado huet dës Superzell awer kee produzéiert.


Déi éischt Superzell vum Dag, déi virun der tornadescher Superzell den äusserste Südoste vum Land gesträift huet. En Tornado huet dës awer kee produzéiert. Grafik: MeteoGroup, Edit: Météo Boulaide

D’Superzell, déi den Tornado forméiert huet, huet sech e puer Kilometer nordëstlech vu Chalons-en-Champagne a Frankräich géint 16 Auer entwéckelt. An hirem Ufanksstadium war et nach eng normal Donnerwiederzell, integréiert an engem gréisseren Donnerwiederkomplex. Géint 17:15 Auer louch se an der Ëmgéigend vu Marville, ëmmer nach a Frankräich. Um Radar huet een déi éischt verdächteg Signature gesinn, déi fir eng Superzell typesch sinn. Et huet sech un der Südsäit vun der Zell ëmmer méi en Hook-Echo ze erkenne ginn, op Däitsch “Haken-Echo”. De Numm kënnt dohier, well et um Radar bësse wéi e Kroop ausgesäit. En Haken-Echo ass en direkten Indice dorop, dass am Opwandberäich vun der Zell eng markant Rotatioun am gaangen ass. Heiansdo ass och schonn en Tornado aktiv, wann ee sou eppes um Radar gesäit.


Éischt superzellulär Signature maache sech um Radar bemierkbar. Eng rasant Entwécklung ass amgaang. Grafik: MeteoGroup, Edit: Météo Boulaide


Kuerz viru Lonkech forméiert sech um Radar en Hook Echo, en typescht Zeeche fir Rotatioun an eventuell en Tornado. Den Tornado huet géint 17:35 Auer déi éischte Kéier de Buedem knapp südlech vum Zentrum vu Lonkech beréiert.Grafik: MeteoGroup, Edit: Météo Boulaide

Um 17:30 Auer ass den Hook Echo ëmmer méi däitlech ginn an och um Dopplerradar konnt een eng staark Rotatioun erkennen. Op engem Dopplerradar gesäit een d’Waasserdrëpsen, déi a Richtung Radarstatioun zéien an déi, déi vum Radar fort zéien. Net nëmmen d’Richtunge gesäit een, mee och d’Vitesse. Hellgréng entsprécht op de Radarkaarte vum Kachelmann enger Geschwindegkeet vun 115 km/h a Richtung Radar, hellrout Vitesse vun 115 km/h vum Radar fort. Genee do, wou den Hook Echo war, ware lauter hellgréng an hellrout Signaturen direkt niewenteneen. Zu dësem Zäitpunkt war mir kloer, dass wuel eng kräfteg Superzell eist Land erwësche wäert. Et war zu deem Zäitpunkt nach net gewosst, dass wierklech een Tornado um Buedem war. Iwwer meng Servicer hunn ech awer aus Sécherheetsgrënn an engem Update géint 17:33 Auer betount gehat, dass et opgrond vun der rotéierender Opwandbasis zu deementspriechende Begleeterscheenununge komme kéint. Leider ass dëst och sou agetraff.


Den Tornado um Radar vu Kachelmannwetter. Grafik: Kachelmannwetter

Duerch déi extrem héich Loftfiichtegkeet a Buedemhéicht houngen d’Wolleken zimlech déif. Dëst spillt der Entwécklung vun engem Tornado an d’Kaarten. De Radar-Daten no war den Tornado géint 17:35 mat Sécherheet schonn um Buedem, dat am Beräich Lonkech an ass tësche 17:43 a 17:50 iwwer Péiteng ewechgezunn. D’Superzell huet sech vun do aus weider a Richtung Nordoste beweegt an ass nach iwwer Mamer an duerno nërdlech un der Haaptstad laanschtgezunn. Den Tornado huet sech méiglecherweis awer scho kuerz virun Dippech opgeléist. Am weidere Verlaf ass d’Superzell ëmmer méi schwaach ginn, et war just nach e normaalt Donnerwieder. D’Reschter dovu sinn iwwert den Oste vum Land an Däitschland eriwwergezunn an hunn op hirem Wee nach fir deels zolidd Schliet gesuergt.

De Schued, deen am Beräich Péiteng a Käerjeng ugeriicht ginn ass, war erstaunlech. Geparkten Autoen goufe vun hire Parkplazen ewechgedro, deels souguer méi wéi 20 Meter wäit. En Daach ass an der Géigend vun der Place du Marché zu Péiteng op e Parking gefall. Duerch déi zolidd Kraaft vum Wand ass een vun den do geparkten Autoen op dësem Daach gelant.

Stroosseschëlter an Stolgitter-Héichspannungsleitunge goufe wéi Fixspéin ëmgeknéckt. Zille, Staangen, Schieferplaquen an aner Géigestänn stouchen an de Fassaden dran. Vill Diecher goufe staark beschiedegt, ganz vill Haiser a Gebaier goufe komplett ofgedeckt. Déck Maueren aus Beton hunn dem Drock vum Wand net méi Stand gehalen, souguer Betons-Pilieren goufe vum Wand versat. E puer Zeie schwätzen dovu, wéi se gesinn hunn, dass den Tornado deels ganz Beem aus dem Buedem gerass an duerch d’Loft geschleidert huet.

Dëst war elo just eng kuerz Beschreiwung vum Schued, mee vu wëssenschaftlecher Säit ass fir de Moment bekannt, dass et sech em en Tornado vum ieweschten F2-Beräich gehandelt huet. F2 entsprécht Wandvitesse vun 181 bis 253 km/h.

Den Tornado war e sougenannte Multi-Vortex-Tornado. Dat heescht, dass et eng Haaptzirkulatioun gouf, also en Haaptwirbel, an e puer méi klengräimeg Wirbelen, déi ronderemt den Haaptwirbel zirkuléiert sinn. Dës méi klengräimeg Wirbelen sinn extrem kuerzlieweg a baue sech an Zäit vu Sekonnen op an erëm of. Duerch hir séier Dréibeweegung kënnen des bei wäitem méi staark ginn, wéi d’Haaptzirkulatioun. De wierklech zolitte Schued sollt also haaptsächlech duerch den Afloss vun de méi klengräimege Wirbelen ugeriicht gi sinn, an deene wuel déi héchst Vitessen areecht gi sinn. D’Kachelmann-Wiederstatioun vu Péiteng, déi zu Rodange um Clopp situéiert ass, huet eng Vitesse vun 128 km/h gemooss. Et ass also dovun auszegoen, dass den Tornado der Statioun richteg no komm, mee net genee iwwert se ewechgezunn ass.

Multi-Vortex-Tornadoe gëllen als besonnëg geféierlech


An engem Multi-Vortex-Tornado zirkuléieren e puer méi klengräimeg Wirbelen ronderemt den Zentrum vun der Haaptzirkulatioun/vum Haaptwirbel. An de méi klengräimege Wirbele kënnen op déi souwisou schon héich Wandvitessen um Buedem ënner Ëmstänn nachemol bis iwwer 160 km/h dropgerechent ginn. Grafik: Melina Yingling

War den Tornado viraussobar?

Hätt een den Tornado kënne viraussoen? Jein! Den Tornado u sech, an déi genee Géigend wou en optrëtt, ass eng Saach vun der Onméiglechkeet. Duerch e Koup Berechnunge vun de Wiedermodeller kann een awer op mannst e Potenzial erkennen, ob sech an de kommenden 12 bis 24 Stonnen eng Superzell an eventuell en Tornado forméiere kéint oder net. Am Fall vum leschte Freide konnt een den Owend virdrun tatsächlech Hiweiser op de Modellkaarten erkennen, mee ob sech wierklech eppes entwéckelt weess een zu deem Zäitpunkt nach net.

Et war net den éischten Tornado zu Lëtzebuerg. An zwou aneren Episode vu Reen a Bou sinn ech op e puer weider bekannt Tornadofäll hei a Lëtzebuerg ze schwätze komm. Ze fanne sinn dës op der Websäit vum Radio 100,7.


Gréisseren Tornadorisk op enger Modellkaart fir de 09. August 2019 18:00 Auer, berechent den Dag virdrun, 08. August 2019 um 12 Auer. Grafik: Kachelmannwetter

De Parcous vum Tornado

De gutt 17 Kilometer laange Parcous vum Tornado. Déi héchst Intensitéit gouf am Raum Péiteng mat F2 areecht, an den eenzelnen Subvortices vum Multi-Vortex-Tornado sinn awer wahrscheinlech och Vitesse virkomm, déi engem F3 Tornado entspriechen. Kaart: Tornadoliste.de & Meteo Remich

Wéi kann ee sech virun engem Tornado schützen?

Wann ee gesäit, dass een Tornado op een duer kënnt, da soll een, wa méiglech, an engem Keller no Schutz sichen. Ass kee Keller do, dann ass een an der Mëtt vum Haus um Rez de Chaussée am séchersten. Eng Regel beseet: Kuckt, dass Dir sou vill Mauere wéi méiglech tëschent Iech an dem Tornado hutt. Och Raim, déi an der Mëtt vum Gebai sinn a keng Fënsteren hunn, kënnen Iech schützen. Huet ee grad keng aner Méiglechkeet an et befënnt ee sech an engem aneren, manner sécherem Raum, da sollt ee sech vu grousse Fënsteren, Dieren a Miwwelen fort halen. Glasscheiwe kënne briechen a Miwwele kënnen duerch d’Vibratiounen ëmfalen. Et sollt een déi grouss Miwwelen och probéieren sou ëmzestellen, dass potenziell Fluchtweeër net kënne verspaart ginn. Foto: NJ.com

Auto bei Donnerwieder net ëmmer déi sécherst Plaz

Et gëtt ëmmer gesot, dass den Auto déi sécherst Plaz an engem Donnerwieder ass. Bei engem Tornado ass dat awer net de Fall. Et sollt ee wärend engem Tornado nëmmen an engem Auto sëtzen, wann ee séier genuch fortfuere kann. Ass den Tornado ze séier ënnerwee, da besteet héchst Liewensgefor. Wann et méiglech ass an Dir mierkt, dass Dir nach genuch Zäit hutt, da laaft aus dem Auto eraus a Sicht Iech an engem nostoende Gebai Schutz. Camper a Roulotten sinn awer ze vermeiden, well dës wéi Spillsaachen duerch d’Loft gewirbelt kënne ginn. Foto: pxhere.com

En Tornado kënnt am Fräien op Iech duer

Wa Dir am Fräie sidd, an et ass een Tornado ze gesinn, da probéiert erauszefannen, a wéi eng Richtung en zitt. Zitt den Tornado säitlech, da kënnt en am Normalfall net op Iech duer. Ass awer keng Säitebeweegung ze erkennen, da kënnt en direkt op Iech duer. Fuert oder laaft an dësem Fall net genee an déi entgéint gesate Richtung fort, well en Iech dann eventuell nach anhuele kéint, mee diagonal.

… a wann et schon ze spéit ass?

Ass den Tornado schonn ze no an Dir hutt keng Zäit méi fortzelafen oder fortzefueren, da musst Dir Iech flaach op de Buedem leeën oder wa méiglech, Iech flaach mam Gesiicht no ënnen an e Stroossegruef leeën. De Kapp sollt dobäi mat den Hänn geschützt ginn, fir net vu Saachen, déi ronderëm fléie, getraff ze ginn. Bei schwaachen Tornadoe kann een duerch dës Method ouni gréisser Blessuren iwwerliewen, bei méi staarke sinn d’Chancen däitlech méi kleng. Foto: zedge.net

Brécke maachen d’Situatioun nach méi geféierlech

Nach eppes ganz Wichteges: Dir sollt Iech nimools ënnert enger Bréck ophale, wann en Tornado op Iech duerkënnt. Eng Bréck gëtt zu engem Wandtunnel, well de ganze Wand ënnert d’Bréck gedréckt an duerchgepresst gëtt. De Wand gëtt nach méi staark a kann Iech an Zäit vu Sekonne mat rappen. Foto: AccuWeather


Ginn et duerch de Klimawandel ëmmer méi Tornadoen? Dës Fro kann ee net genee beäntwerten, well enger korrekter Statistik e bestëmmte Faktor dotëschtfunkt: D’Smartphonë a modern Geräter vun haut. Deemools konnt ee net sou séier a sou einfach en Tornado filmen, wann een ee gesinn huet. Haut geet dat ganz einfach, alles lant direkt am Internet. Dohier kënnt et engem sou fir, wéi wann dës Phänomener zouhuele géifen. Ob dat wierklech esou ass, ass de Moment net ze erkennen. Dass et awer duerch de Klimawandel sou komme kann, ass denkbar.