Radio 100,7: Réckbléck op de Summer 2020

De meteorologesche Summer ass den 1. September op en Enn gaangen. De Philippe Ernzer kuckt op dës ze waarm an däitlech ze dréche Period zeréck, baséierend op den Donnéeë vum staatleche Wiederdéngscht MeteoLux.

Link: D’Iwwersiicht zu allen Emissiounen

Esou wéi d’lescht Joer huet sech de Summer 2020 als ze waarm an och däitlech ze dréche bemierkbar gemaach. Am Duerchschnëtt leien d’Temperaturen an engem Summer zu Lëtzebuerg bei 17,3 Grad. Mat 18,9 Grad gouf dëse Wäert ëm 1,6 Grad däitlech iwwertraff.

Och wat de Reen ugeet kristalliséiert sech en däitlechen Defizit eraus: vun duerchschnëttlechen 226 l/m², déi normalerweis an engem Summer erofkommen, waren et am Summer 2020 just 153,3 l/m².

Fir de Summer 2020 besser ze beurteele plécke mir déi eenzel Summerméint Juni, Juli an August auserneen.

Am Juni war et méi waarm

Wärend der Referenzperiod vu 1981 bis 2010 louch d’Temperatur an engem Mount Juni an der Moyenne bei 15,9 Grad. De Juni 2020 ass mat 16,8 Grad ëm 0,9 Grad iwwer den Duerchschnëttswäert erausgaangen.

Déi niddregst Temperatur gouf de 5. Juni mat sechs Grad am Duerchschnëtt gemooss ginn, de wäermsten Dag hate mir de 24. Juni mat duerchschnëttlech 28,8 Grad. Wat de Nidderschlag um Findel ugeet war de Juni 2020 ee gudde Mount, mee net iwwerall.

D’Grousswiederlag war esou agestallt, datt mir et dacks net mat flächendeckendem Reen ze dinn haten, mee méi mat lokale Schaueren an Donnerwiederen. Dowéinst si gréisser Differenzen uechter d’Land opgetrueden.

De Findel hat Chance a gouf den 3. wéi och de 4. Juni direkt e puermol vun de Käre vun deels méi kräftege Schaueren an Donnerwiedere getraff. Dëst hat e groussen Afloss op d’Nidderschlagsquantitéite pro Mount. Am Ganze koumen am Juni 2020 114,3 l/m² Reen um Findel erof, wat däitlech iwwer den duerchschnëttlechen 81,7 l/m² läit.

Am Juni 2020 goufen um Findel dräi Deeg gezielt, un deenen et geblëtzt a gedonnert huet – den Duerchschnëtt läit bei 5,5. Wärend 218,5 Stonnen huet d’Sonn am Juni geschéngt, normal sinn 227,1 Stonnen. D’Differenz fält éischter kleng aus. Wat d’Anomalien ugeet leie mir also an engem méi oder manner neutrale Beräich.

Juli: eng Moyenne vun 18,2 Grad

Gi mir weider bei de Juli 2020, an deem um 31. Dag vum Mount eng Maximaltemperatur vu 35,1 Grad registréiert gouf. Am niddregste louch d’Temperatur de 7. Juli mat 8,3 Grad. Mat enger Duerchschnëttstemperatur vun 18,7 Grad war de Juli 2020 ëm 0,5 Grad ze waarm – um Findel läit d’Moyenne fir e Mount Juli bei 18,2 Grad.

D’Nidderschléi sinn am Juli markant ausgefall, mee dat net am gudde Sënn. Vun normalen 71 l/m² huet et just 8,3 l/m² gereent. Et hunn am Endeffekt also 62,7 l/m² gefeelt. Vun der Grousswiederlag hier war d’Situatioun ëmmer nach eng änlech wéi och am Juni.

Nidderschléi gouf et nëmme rar op enger gréisserer Fläch, meeschtens huet et sech nëmmen ëm lokal Schaueren an Donnerwiedere gehandelt. D’Wiederstatioun um Findel huet néng Deeg gezielt, un deenen et méi wéi 0,1 l/m² gereent huet, u kengem vun dësen Deeg huet et genee un der Statioun gedimmert.

Mat 287,8 Sonnestonnen am Juli 2020 huet d’Sonn ëm 37,5 Stonne méi laang geschéngt wéi normalerweis. Déi laangjäreg Moyenne läit bei 250,3 Stonnen.

August 2020: ee Maximum vu 35,6 Grad

Den August 2020 war, op d’Referenzperiod gekuckt, e weidere richteg waarme Summermount. Mat enger Maximaltemperatur vu 35,6 Grad de 9. August an enger Minimaltemperatur vun 9,9 Grad de 27. August war de Mount mat enger Moyenne vun 21,2 Grad ëm 3,5 Grad ze waarm. D’Moyenne fir e Mount August läit bei 17,7 Grad.

Manner markant opgefall ass dës Kéier den Nidderschlag. Jo, mat nëmmen 30 l/m² amplaz vu 75,8 l/m² louch de Wäert däitlech ënner dem Duerchschnëtt, mee d’Differenz war net grad esou dramatesch wéi am Juli. Duerch e méi kräftegt Donnerwieder mat Knëppelsteng a spierbare Wandstéiss huet et den 18. August 2020 am meeschte gereent.

Et war ee vun am Ganzen dräi Deeg, un deenen et um Fluchhafe gedimmert huet. Am Ganze gouf et 12 Deeg, un deenen et op d’mannst 0,1 l/m² gereent huet. Liicht ënner dem Duerchschnëttswäert, dee bei 13,1 l/m² läit.

Wat d’Sonnestonne betrëfft gouf am August mat 228,5 Stonne bal d’Moyenne vun 230,7 Stonnen erreecht. Eng gréisser Anomalie gëtt et, genee wéi am Juni 2020, a Punkto Sonnestonnen also net.

Waarm an ze dréchen

Elo, wou de meteorologeschen Hierscht grad ugefaangen huet, kann ee soen, datt de Summer 2020 aus meteorologescher Siicht immens waarm, sonneg an däitlech ze dréche war. Wat d’Temperaturen ugeet, huet den August erausgestach. Un der Wiederstatioun um Findel war et mat enger Moyenne vun 21,2 Grad den zweetwäermsten August zanter Opzeechnungsufank. De Rekord läit bei 22,3 Grad a gouf am Joer 2003 opgestallt. Wat d’Nidderschléi betrëfft, war et de Juli, deen däitlech ze dréche war. Mat 8,3 l/m² war et den drëtt-dréchenste Julimount zanter 1947.

Fir ofzeschléisse kucke mir nach, wat de Mëttel- a Laangzäitmodell CFS vum amerikaneschen National Weather Service am September 2020 op eis duerkomme gesäit. Am Viraus sief awer scho mol gesot, datt et sech bei den nächste Sätz méi ëm Spekulatioun handelt, wéi ëm komplett Prognos, déi eescht ze huelen ass.

Ufanks September huet de Laangzäitmodell nach e méi oder manner normal waarme September ugedeit, wat de Moment awer net méi esou de Fall ass. Sollten déi Berechnungen esou antrieden, wéi se elo sinn, da kéint de Mount ëm ee bis zwee Grad ze waarm ausfalen. D’Anomalie vun de Nidderschlagsquantitéite gouf ufanks vum Mount nach méi oder manner neutral ageschat, wat awer och e bësse geännert huet. Dem momentane Stand no soll et duerchschnëttlech gesinn tëschent 0,2 a 0,4 l/m² den Dag manner reene wéi normalerweis.