Radio 100,7: Réckbléck op di lescht Woch, Ex-Hurrikan EPSILON & weider Aussiichten

Déi lescht Woch huet et mol rem e bësse méi gereent an et mierkt ee lues awer sécher, dass och d’Natur op Hierscht ëmschalt.

Mam Wand aus de leschten Deeg verléieren d’Beem hir Blieder zimmlech séier. Gereent huet et dës Woch och méi wéi d’lescht Woch. Wéi eng Quantitéite sinn eigentlech wou erofkomm?

Dës Woch huet et méi gereent wéi d’lescht Woch an dat mécht sech och däitlech bemierkbar, wann ee sech d’Quantitéiten ukuckt, déi op Basis vum Wiederradar gemooss si ginn. Déi Plaze, wou et am meeschte gereent huet, sinn eng Kéier de Nordwesten an den äusserste Norde – mee och den äusserste Süden a Südoste vum Land. Dotëscht ass zwar och nennenswäerte Reen gefall, konzentréiert huet sech d’Aktivitéit awer haaptsächlech op déi genannt Géigenden. Am Nordweste wéi och am Norde si Quantitéite vun tëscht 30 a 45 l/m² erofkomm, nëmmen op eenzelne Plazen ass et net grad fir d’30 l/m² duerchgaang. Laanscht déi franséisch Grenz an och un der Musel sinn tëscht 25 a 35 l/m² opgetruede, punktuell ass et bal fir 40 l/m² duergaang. Am ganze Rescht vum Land huet et tëscht 15 an 30 l/m² gereent.

Wat d’Temperaturen ugeet ass et vum Méinde bis de Mëttwoch e bësse méi waarm ginn. Du koum den Donneschden, dee mat kuerz méi niddrege Maximalwäerter e klengen Ausräisser no ënnen markéiert huet. Haut um Freiden an och an de nächsten Deeg gëtt et awer erëm méi waarm, mee dozou spéiderhi méi. Um Méinden ass den Thermometer op Héchstwäerter vun tëscht 9 a 14 Grad geklomm, um Dënschde waren et 8 bis 13 Grad an um Mëttwoch 11 bis 15 Grad. Den Dag vu gëschter war, wéi gesot, erëm ee méi killen mat 8 bis 13 Grad.

Bleift och nach ze soen, dass an der Nuecht op de Mëttwoch Iwwerreschter vum Ex-Hurrikan EPSILON iwwert eis ewechgezu sinn. Dat ganzt haat natierlech näischt méi mat engem Hurrikan ze dinn. Et ass just de Frontesystem iwwert eis ewechgezunn, dee sech, iwwerdeems sech de Stuerm vun engem Tropestuerm zu engem aussertropesche Stuerm ëmgewandelt huet, entwéckelt hat. Ausser eng kleng Lëftchen an e bësse Reen huet dës Front eis, wéi erwaart, näischt signifikantes bruecht.

De Sonnden hu mir den éischte November. Reng theoretesch kéint et also gläich wanterlech ginn. D’Fro ass elo: ass da schon eppes, wat an déi Richtung geet, um Schierm?

Virsiichteg gesot: jo. Eppes ganz geneeës kann een elo zwar nach net soe, mee d’Modeller deite mol un, dass et lues awer sécher an déi richteg Richtung geet. Zumols den amerikanesche GFS rechent de Moment domat, dass mir géint Mëtt November eventuell ënner eng kal Oststréimung gerode kéinten, duerch déi eist Wieder en däitlech méi wanterlechen Touch unhuele géif. Wann een awer op déi méi no Zukunft kuckt, da kéint sech vun der nächster Woch dem Dënschden un eng Phas ukënnege, wou et op mannst mol an de Nuechte plazeweis zu Frascht komme kéint. Duerch d’Fiichtegkeet an der Nuecht wieren dann haaptsächlech an de Moiesstonnen och mol glat Stroosse net auszeschléissen. D’Modeller GFS an ECMWF si sech de Moment awer driwwer eenz, dass dëst just e kuerzen Zäitofschnëtt kéint sinn. Eng Nummer méi interessant soll et op alle Fall mol a Richtung Mëtt November ginn, wat genee leeft gesi mir awer eréischt, wann et bal esou wäit ass. Et ass awer eng gutt Iddi, sou lues wierklech iwwer Wanterpneue nozedenken.

Wanterlech gëtt et de Weekend nach net, d’Sonn déi ka sech zäitweis esouguer duerchsetzen

Dat ass richteg, mee et muss een hoffen, dass sech de Niwwel an de Moiesstonne séier genuch opgeléist kritt – Stéchwuert Niwwellotto. Haut um Freiden huet dat awer nach net all ze vill ze soen: den Himmel ass meeschtens gro, just heiansdo ass mat Chance mol e sonnege Moment dobäi. De Reen hält sech méi zréck wéi an de leschten Deeg, just punktuell soll et mol mat moossbare Quantitéite kënne naass ginn. Et gi Maximalwäerter vun tëscht 12 a 16 Grad areecht. Um Samsde komme mir dann zréck op de Punkt mam Niwwel. Sollt dëse sech net opléisen, da géif et och do op sou munche Plazen zimmlech laang gro bleiwen. Wann e sech awer no Plang opléist, erwaart eis e frëndlechen Dag mat ville sonnege Momenter a just e puer dekorative Wolleken. Et si Maximaltemperature vun 13 bis 16 Grad ze erwaarden. De Sonnde weist sech dann mat engem gréissere Kontrast. Et ass de Gros vum Dag bedeckt an et reent ëmmer erem. D’Temperature loosse sech doduerch awer net erofzéien a klammen op e Maximum vu 14 bis 17 Grad. Bis de Méinde mat soll et nach méi waarm ginn, duerno soll dann déi virdrun ugeschwat méi kill Phas kënnen en Afloss op eis huelen.