Radio 100,7: Wéi entsteet eng Wiederprevisioun?

Se ginn am Laf vun de Joren no a no méi präzis a sinn aus eisem Alldag kaum nach ewechzedenken – d’Wiederprevisiounen. Mee wéi ginn dës iwwerhaapt opgesat? A wéi lande se schlussendlech um Radio oder an Ärer App?

Link: D’Iwwersiicht zu allen Emissiounen

Se ginn am Laf vun de Jore no a no méi präzis a sinn aus eisem Alldag kaum nach ewechzedenken – d’Wiederprevisiounen. Mee wéi ginn des iwwerhaapt opgesat? A wéi landen dës schlussendlech um Fernseh oder an Ärer App? De Philippe Ernzer huet sech déi Saach mol méi genee ugekuckt.

D’Wiederprevisioune ginn et usech nach guer net sou laang. Am Joer 1861 huet d’Londoner “The Times” déi éischt Prognos erausginn an am selwechte Joer souguer nach Wiederkaarten. Dat awer net sou, wéi mir et haut kennen. “Liichte Westwand; gutt”, sou ongeféier gouf dat deemools duerchginn.

D’Leit hu sech awer scho méi fréi mam Wieder a mat senger Moossung befaasst: Den Otto von Guericke, engem däitsche Physiker, ass et am Joer 1660 gelonge, den Zesummenhang vun déiwem Loftdrock a schlechtem Wieder ze erkennen. Wisou huet et dann awer nach knapp iwwer 200 Joer gedauert, bis een en éischte meteorologesche Bléck an d’Zukunft maache konnt?

Vir eng Previsioun ze maachen, brauch een als Basis virdéicht mol Wiederdaten. Am Joer 1800 ass dat éischt europäescht Statiounsnetz entstanen. De Problem war awer: Deemools waren d’Leit mat hire Postkutschen ze lues, vir déi gesammelt Donnéeën an engem nach aktuellen Zäitraum ofzeliwweren. Meeschtens si se réicht an der nächster Stad ukomm, wann d’Donnéeë scho laang net méi der Aktualitéit entsprach hunn.

Am 19. Joerhonnert huet d’Opkomme vun der Telegraphie villes verännert. Am Joer 1835 ass déi kommerziell Telegraphie entstanen, am Joer 1855 sinn an Europa och déi éischt méi flächendeckend Netzer ageriicht ginn. No 6 Joer Entwécklung, also am Joer 1861, konnten déi éischt brauchbar Wiederdonnéeën iwwerdroe ginn – d’Konditioun dofir: Eng gënschteg Wandrichtung. Vir d’Meteorologie war dëst e ganz grousse Success.

D’Wiederstatiounen hunn zu där Zäit misse manuell ausgelies an ausgewäert ginn. D’Wëssenschaftler hunn awer scho méi fréi wéi een denkt, un automatesche Léisunge geschafft. Dëst huet et engem erméiglecht, vun ofgeleeëne Platzen Donnéeën ze sammelen an och dës mat an d’Previsiounen ze integréieren. Eng vun den éischten automatesche Statioune gouf am spéidere Verlaf vum Joer 1943 a Kanada opgebaut. Déi däitsch Krichsmarinn huet d’Anlag mat Batterien bedriwwen, déi iwwer 6 Méint all dräi Stonnen déi neist Donnéeë verschéckt huet.

De Grondsteen vir d’Berechnung vu Wiederprevisiounen huet den englesche Wëssenschaftler Lewis Fry Richardson am Joer 1922 geluecht. En haat d’Iddi, mat Hëllef vu Computeren Wieder-Szenarien an der Zukunft ze berechnen. Zu där Zäit huet een ënnert dem Wuert “Computer” eng Persoun verstanen, déi Berechnunge mécht. En huet sech virgestallt, dass een déi ganz Atmosphär an eenzel Departementer ënnerdeele kéint – dat duerch d’Héicht iwwert dem Mieresspigel oder och duerch d’Breeten a Längegraden agedeelt. An all sougenanntem Departement ass e Mënsch vir d’Duerchféiere vu verschiddenen Equatioune verantwortlech. An dës Rechnunge fléissen ënnert anerem déi aktuell Wiederdate wéi Wandvitesse a Wandrichtung, mee awer och Temperatur a Loftfiichtegkeet. Aus dem physikaleschen Zoustand vum eegenen Departement gi Previsiouns-Wäerter erstallt, déi un aner Departementer weidergeschéckt ginn. Et ass no a no also e Previsiouns-System un d’Lafe komm, wat och haut nach sou ähnlech am Gebrauch ass. Den Ënnerscheed: Hautzedaags si vir d’Berechnunge keng Mënsche méi zoustänneg, mee leeschtungsstaark Computeren, wéi mir se kennen. Leeschtungsstaark ass dobäi nach ënnerdriwwen: d’Meteorologie war de Grond, firwat an de 50er a 60er Joren intensiv un de sougenannte “Supercomputere” geschafft gouf.

Donnéeë vum Buedem gi net duer, vir gutt Previsiounen ze maachen – dat ass de Leit em 1950 opgefall. Déi éischt Wiedersatellitten, Radiosonden (also Wiederballonen) a Wieder-Radarsystemer koumen ab 1960 no a no an den Asaz. Doduerch konnt een den Zäitraum, vir vir eng Previsioun ze maachen, vun 3 op 5 Deeg verlängeren.

E ganze Koup Equatioune ginn haut vun de Supercomputeren uechtert Welt genotzt. Ëmmer mat abezunn sinn och d’Donnéeën, déi vu Wiederstatiounen, Wiederballonen, Verkéiersfligeren a Wiedersatellitte gesammelt ginn. D’Berechnunge kënnen op ënnerschiddlech Aart a Weise gemaach ginn – dat och méi héich op eng bestëmmte Surface opgeléist.

Do wiere mir dann beim Thema Wiedermodeller ukomm. Där ginn et der eng ganz Rëtsch, wéi zum Beispill den amerikaneschen Global Forecast System (kuerz GFS), den europäeschen EZMWF (Europäisches Zentrum für mittelfristige Wettervorhersage), den däitschen ICON (Icosahedral Nonhydrostatic Model European Nest), de franséischen ARPEGE (Action de Recherche Petite Echelle Grande Echelle), den AROME (Application of Research to Operations at Mesoscale) an den hollänneschen HIRLAM (High Resolution Limited Area Model). Dat waren der just e puer, et ginn der awer nach e ganze Koup. An éischter Linn ass et d’Opléisung, déi d’Berechnunge vun dësen eenzele Modeller vuneneen ënnerscheet.

Wann een eng Previsioun maache wëll, muss een d’Resultater vun deenen eenzele Modeller als verschidde Meenungen ophuelen. Et ass sou, wéi wann ee sech zu engem bestëmmten Thema d’Meenung vu ville verschiddene Leit unhéiert an duerno probéiert, eng allgemeng Meenung aus deene ville Meenungen ze zéien. Wann een déi gëlle Mëtt fënnt, trëfft d’Prognos ganz wahrscheinlech am beschten zou – an de leschte Joren ass mir dat ëmmer rem opgefall.

Déi grad genannte Method gëtt virun allem bei Previsioune genotzt, déi bis zu dräi Deeg an d’Zukunft ginn. Bei kuerzfristege Prognosen, wéi beispillsweis vir eng Donnerwiederlag, sicht een sech meeschtens déi Modeller aus, déi am héchsten opgeléist sinn. D’Auswiel vun de sougenannte Meenungen gëtt méi kleng an et loosse sech méi séier bestëmmten Szenarien erausstellen. Et muss een awer soen, dass kuerz virun engem Donnerwieder kee Modell méi genee soe kann, wat kënnt. Do kënnt de sougenannte “Nowcast” an d’Spill. Et behält een also déi momentan Observatiounen am Aen an et setzt ee sech dorausser selwer eng kuerzfristeg Previsioun zesummen.

Hannert dem Maache vu Previsioune stécht, wéi mir grad matkritt hunn, e ganz groussen Opwand. Obwuel d’Trefferquote an de leschte Joren däitlech an d’Luucht gaangen ass, kënnt et ëmmer erëm vir, dass eng Previsioun bal net bis iwwerhaapt net zoutrëfft. Den Haaptgrond dofir ass, dass d’Äerdatmosphär ëmmer nach net ganz erfuerscht ass. Verschidde Parameteren, déi nach net bekannt sinn, ginn also guer net an déi Modell-Equatioune mat abezunn. A verschiddene Situatioune kënnt et dann also vir, dass et aneschters kënnt, wéi erwaart. Eng aner Saach ass déi potenziell mënschlech Feelinterpretatioun vun de Modeller.

Déi Previsiounen, déi haut am Beschten zoutreffen, sinn déi, déi niewebäi och nach vun engem Mënsch op Plausibilitéit iwwerpréift ginn. Op ville Wiedersäiten a virun allem Wieder-Applikatiounen um Smartphone ass dat net de Fall: Oft gëtt just 1 Modell ausgesicht, vun dem d’Simulatiounen einfach 1:1 wéi se berechent ginn, ugewise ginn. Ongënschteg gëtt et dann, wann een beispillsweis iergendwou wunnt, wou vill Bierger oder Erhiewunge sinn. Bei Applikatioune kënnt meeschtens den amerikanesche Wiedermodell GFS an den Asaz, deen 28 km x 28 km opgeléist ass. Eng korrekt Previsioun vir eng méi komplizéiert orographesch Géigend ass also net ganz wahrscheinlech.

Dem ganzen entgéintwierke kann een, andeems de Meteorolog selwer nachengkéier iwwer d’Simulatioun kuckt an dës duerch seng Erfarungswäerter, déi hien an de vergaangene Jore gesammelt huet, korrigéiert. Vir e Beispill ze nennen: Am Summer berechent den GFS d’Temperaturen oft méi niddreg, wéi se am Endeffekt wierklech antreffen. Vir d’Trefferquote ze verbesseren, ginn einfach e puer Grad drop gerechent.

Vir dëst villfältegt Thema ofzeschléissen, hei nach en interessante Fun Fact vir matzehuelen: Hautzedaags ass eng Previsioun vir déi nächst Woch ongeféier sou zouverlässeg, wéi virun 30 Joer eng Previsioun vir de nächsten Dag.