Radio 100,7: Weider markant Wanterstierm aus der Vergaangenheet

Dat waren dräi vun de schlëmmste Wanterstierm, déi an de leschten 30 Joer iwwer Europa gezu sinn. Nodeems mir gesinn haten, wat e Wanterstuerm iwwerhaapt ass, ginn haut nach e puer weider Stierm ënner d’Lupp geholl, un déi sech vill Leit bestëmmt nach erënnere kënnen. De Philippe Ernzer start am Februar 1990.

Link: D’Iwwersiicht zu allen Emissiounen

Lëtzebuerg huet schonn eng ganz Partie Stierm hannert sech, géint déi d’Stierm aus de leschte Wochen bal net der Ried wäert waren. Um Schluss vun der leschter Episod koume mir op den Orkan WIEBKE ze schwätzen – e Stuerm, deen Deel vun enger ganzer Orkanserie war.

Deemools, an der Nuecht vum 28. Februar op den 1. Mäerz 1990, gouf en Orkanstouss vun 146,3 km/h gemooss – déi héchst jeemools gemoosse Wandvitesse bei eis am Land. 440 Mol hunn d’Rettungsdéngschter missen ausrécken, och d’Lëtzebuerger Arméi war mat 100 Zaldoten am Asaz. Och am Verkéier goung net méi all ze vill – 169 Stroossen hu misse vun de ville Beem, déi ëmgefall ware, fräigeraumt ginn. Glécklecherweis gouf den Héichpunkt vum Stuerm an der Nuecht areecht. Anerefalls wiere méiglecherweis méi Leit zu Schued komm. Elleng an der Fiels goufe 39.000 Kubikmeter Bëschfläch zerstéiert – genee wéi och 5 Prozent vun der ganzer lëtzebuergescher Bëschfläch op de gesamte Wanter 1989/1990 gekuckt.

E weidere besonnesch markante Stuerm war d’Orkandéif LOTHAR – dofir musse mir awer 9 Joer an d’Zukunft reesen. De 25. Dezember 1999 huet sech de Stuerm iwwert der Biskaya entwéckelt an huet dunn haaptsächlech de 26. Dezember fir grousse Schued gesuergt. De LOTHAR war e Randdéif – also e klengt Déif, wat um Rand vun engem gréisseren Déif entsteet. D’Randdéif deemools war Deel vun engem groussen Déifdrockkomplex iwwer Island an dem nërdlechen Atlantik – änlech wéi mir et och schonn dëse Wanter e puer Mol gesinn hunn.

De Kär vum Déif koum iwwert de Westen resp. Nordweste vu Frankräich eran an ass weider a Richtung Ost-Nordost gezunn. De 26. Dezember 1999 ass de Stuerm mat sengem Kär genee iwwer Lëtzebuerg ewechgezunn, dat mat engem Kärdrock vu nëmme 971,2 hPa. Och zu Tréier konnt de selwechte Wäert gemooss ginn. Well de Kär ebe genee iwwer Lëtzebuerg ewechgezunn ass, hu sech d’Wandvitesse bei eis nach a Moosse gehale. 123 km/h goufen deemools zu Perl am Saarland gemooss, zu Tréier waren et 107 km/h. Nërdlech vum Déif, wat gläichzäiteg och nërdlech vu Lëtzebuerg war, goufe grad emol 80 km/h registréiert.

D’Haaptstuermfeld ass awer e gutt Stéck méi wäit südlech duerchgezunn. Zu Saarbrécken huet de Wand mat 128 km/h geblosen an zu Idar-Oberstein mat 139 km/h. Déi héchst Wandvitessen an der Reechwäit vu Lëtzebuerg gouf et zu Karlsruhe mat 153 km/h an am Weinbiet mat 183 km/h – wat scho bemierkenswäert ass, well d’Statioun op 553 Meter iwwert dem Mieresspigel steet.

Fir de korrekte Lafwee vum Déif virauszesoe, muss deemools zimmlech schwiereg gewiescht sinn. De LOTHAR war nämlech net nëmmen e Randdéif, mee och nach e Schnellleefer. En ass nämlech vu Chrëschtdag 1999 bis de 27. Dezember ee mol vun der Franséischer Küst bis a Polen gezunn a war also zimmlech séier ënnerwee. Wier de Kär vum Déif e bësse méi wäit nërdlech gezunn, da wieren och bei eis zu Lëtzebuerg Wandvitesse vun iwwer 130 km/h méiglech gewiescht. E Stuermdéif dréit säi Stuermfeld nämlech meeschtens südlech vum Kär mat sech.

E puer weider Wandwäerter vun deemools weise, wéi zolidd de LOTHAR war. De stäerkste Wandstouss gouf an Däitschland um Hohentwiel, engem 686 Meter héijem Bierg, mat 272 km/h gemooss. Um Wendelstein, deen 1838 Meter héich ass, konnten 259 km/h festgestallt ginn. Um Feldberg am Schwarzwald huet eng Wiederstatioun 212 km/h gemooss, ier awer dunn de Stroum ausgefall ass. An der Schwäiz war de Jungfraujoch mat 249 km/h dobäi, um Zürecher Uetilberg waren et 241 km/h. An Éisträich louch de Maximum bei 218 km/h a gouf um Feuerkogel gemooss.

Duerch de Stuerm, mee och bei den Opraumaarbechte, sinn ëm 110 Persounen ëmkomm, dorënner 88 a Frankräich. Mat abegraff sinn dobäi och d’Stuermaffer vum Stuerm MARTIN, deen den Dag drop iwwert de Süde vu Frankräich ewechgezunn ass.

De LOTHAR huet am ganze fir iwwer 6 Milliarden USD Versécherungsschued gesuergt. En zielt zu de weltwäit deierste Versécherungsfäll, déi stuermtechnesch op weltwäiter Basis just vum Hurrikan ANDREW aus dem Joer 1992, dem Taifun MIREILLE am Joer 1991, dem Hurrikan KATRINA am Joer 2005 an dem Hurrikan HARVEY am Joer 2017 iwwertraff ginn.

Mir gi weider an de Januar 2007, wou mir et tëscht dem 15. an dem 18. Januar mam Orkan KYRILL ze dinn haten. Anescht wéi beim LOTHAR, hat de KYRILL e vill méi groussen Aflossberäich an huet wäit Deeler vun Europa beanträchtegt. Et goufe Wandvitesse vu bis zu 225 km/h areecht, de Schued beleeft sech op ongeféier 10 Milliarden USD, alleng 5,5 Milliarden an Däitschland. De versécherte Materialschued gëtt op 5,3 Milliarden USD geschat. Deemools si 47 Mënschen ëm d’Liewe komm, iwwer eng Millioun Leit hate wärend enger kuerzer Zäit kee Stroum méi. Vill Betriber mee och Schoulen hu besonnesch den 18. Januar 2007 hir Dieren zougelooss, a Mëtteleuropa gouf de Verkéier op der Bunn groussflächeg agestallt.

Am stäerksten huet de Wand deemools a Groussbritannien, Norde vu Frankräich, de BeNeLux- Staaten an och der Schwäiz geblosen, ier d’Stuermfeld weider op Däitschland an Éisträich iwwergegraff huet. Déi héchst Wandspëtzt gouf, wéi virdru scho kuerz betount gehat, mat 225 km/h um Aletschgletscher an der Schwäiz op 2850 Meter iwwert dem Mieresspigel registréiert. Desweidere waren d’Nordséiküsten och staark betraff, zu Sylt gouf nämlech en Orkanstouss vun 141 km/h gemooss. Um Kindelsberg, engem Bierg a Nordrhein-Westfalen deen op 618 Meter iwwert dem Mieresspigel läit, goufen 205 km/h areecht.

Bei eis zu Lëtzebuerg ass et fir orkanaarteg Stuermstéiss duergaangen, allerdéngs awer net fir Orkanstéiss – also Wandstéiss vun 118 km/h un. De Maximum gouf mat 115 km/h zu Ëlwen gemooss, 113 km/h zu Beetebuerg an 100 km/h zu Stengefort. Obwuel den Aflossberäich vum KYRILL immens grouss war, koum Lëtzebuerg méi oder manner gutt aus der Saach eraus.