D’Wieder bleift interessant: E Méinde leie mir ënnert dem Afloss vun engem kräftege Stuermdéif, wat och heiheem fir héich Wandvitesse ka suergen. Mir halen d’Entwécklungen am Aen.
Advertisement
D’Grousswiederlag
D’Modeller rechne konsistent mat engem kräftegen Déif, wat sech vu muer un mat sengem Kär iwwert déi brittesch Insele wäert ewechbeweegen. Iwwerdeems gëtt d’Déif méi staark a gëtt zu engem Stuermdéif – op de britteschen Inselen ass mat Schnéistuerm-aartege Konditiounen ze rechnen. Südlech vun dësem Déif soll sech nach e Randdéif ausbilden, wat d’Stuermpotenzial och op Lëtzebuerg géif bréngen. Zwar net am selwechten Ausmooss, mee Stand elo wiere schwéier Stuermstéiss net ausgeschloss. Virum Passage vun der Kalfront ginn zweestelleg Maximaltemperaturen erwaart, hannendru geet et zréck op wanterleche Niveau.
De momentane Stand
D’Détailer si natierlech nach net ganz gekläert – an awer gi mir elo mol op de momentane Stand an. De Wand wäert viraussiichtlech vum Méindemoien un däitlech zouhuelen, vum fréie Nomëtten u gi Vitesse vun iwwer 60 km/h ëmmer méi warscheinlech. Geet et dem Super-HD Modell vu Kachelmannwetter no, dann hätte mir et am Laf vum Nomëtten un der Kalfront mat schwéiere Stuermstéiss vun tëscht 80 an 100 km/h an de Spëtzten ze dinn. Den däitschen ICON-EU gesäit de Peak méi spéit, nämlech um fréien Owend. D’Vitesse gi nëmme liicht manner héich ageschat. Den amerikanesche Modell GFS ass der selwechter Meenung, iwwerdeems den europäesche Modell Spëtzte vu knapp iwwer 85 km/h gesäit. Nëmmen e puer eenzel Modeller gesinn, Stand aktuell, e méi schwaache Verlaf mat Vitesse vun tëscht 60 an 80 km/h.
Hannert der Kalfront gerode mir op déi kal Récksäit vum Déif, déi eis nach weider vereenzelt Nidderschléi bréngt. Dës kommen elo och mol a Form vu Schnéi a Schnéireen erof. Och en Dënschde sinn, Stand aktuell, e puer Schnéischaueren ze erwaarden. Eng weider, potenziell richteg interessant Situatioun kéint sech erëm e Mëttwoch erginn, well sech duerch eng Loftmassegrenz erëm e klenge Risk vu Glëtz ergëtt – mee och de Schnéi wier dann erëm mat dobäi.
Mir halen d’Situatioun am Aen a brénge weider Updates.