RAR Spezial: Wéi gëtt d’Wieder?

All Joer zitt et och vill Lëtzebuerger op de Rock am Ring an der Äifel. Dohier wärt Dir hei op dëser Säit während de Festivaldeeg ëmmer d’Prognose fannen, déi ee mol am Dag aktualiséiert ginn.

leschten Update: Samsden, 02. Juni 2018 19:39 Auer

Wiederprognos vir de Sonndën, 03. Juni 2018

De Sonndëmoien ass et kloer, d’Temperature leien zwëschen 14 a 15 Grad. Niwwel kann optrieden. Am Virmëtten klammen des Werter op 18 bis 20 Grad erop an et ass sonnëg. Mëttes an am Nomëtten zéien e puer harmlos Wollécken iwwert den Himmel, d’Temperature packen et op 20 bis 23 Grad an de Wand bléist schwaach aus Nordosten mat 11 km/h an der Moyenne. Owes an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 14 bis 11 Grad zréck an ët klärt op.