Recherchen lafen: Schwaachen Tornado am Raum Colmer-Bierg & Miersch plausibel

Duerch Videoen a Radarbiller kann een de Moment vun engem plausible schwaachen Tornado schwätzen. Eng definitiv Confirmatioun erginn Recherchen um Buedem, mee dat ass net esou liicht.

Titelbild: Zoé Wallendorf

Advertisement

Net mat Péiteng ze vergläichen

Géint 16:20 Auer louch eng kräfteg Schauerzell knapp westlech vun Ettelbréck, fir sech dunn awer iwwert der Stad selwer ofzeschwächen mee gläichzäiteg ze vergréisseren. Se huet virun allem a Richtung Süden ausgebaut. Géint 16:40 Auer war um Radar e sougenannten “Hook Echo” ze erkennen – eng typesch Signatur, déi op eng Rotatioun un enger Schauer- oder Donnerwiederzell hindeit. An dësem Fall kann een och nach vun enger Superzell schwätzen, déi sech, trotz eigentlech net besonnesch gudden atmosphäresche Konditioune, konnt forméieren. Den Hook ass bal genee iwwert d’Uertschaft Essen (Essingen) ewechgezunn, fir dann am Radar-Scan vun 16:50 Auer awer schonn erëm däitlech u Struktur ze verléieren.


De Velocity-Scan vun ~16:45 Auer, knapp südëstlech vun Essen

Et gëtt awer net nëmmen den “traditionelle” Radar, op dem ee just d’Nidderschléi an hir Intensitéite gesäit, mee et gëtt och nach de Geschwindegkeetsradar/Velocity Radar. Op dësem léisst sech erkennen, a wéi eng Richtung d’Drëppsen an de Wolleken geblosen ginn an och wéi staark. An dësem Fall kenntzeechent dee Beräich, un dem donkelrout an donkelgréng am noste beienee sinn, deen Punkt mat de stäerkste Wandvitessen mat entgéintgesater Wandrichtung, an dat op klengstem Raum.

E weideren Indice, dass et op dëser Plaz zu engem Tornado kéint kommen. Dës Radar-Signatur war op der Héicht vum Colmer-Bierg bis op Essen am markantsten, ier se duerno dann lues a lues un Definitioun verluer huet. Eng schwaach Rotatioun konnt sech awer weiderhin bis an e Beräich tëscht Nidderaanwen a Wecker halen, mee zimmlech sécher ouni Wirbel um Buedem.

Och ouni fäerdeg Analys kann een awer confirméieren, dass wann et sécher een war, en definitiv net esou staark war, wéi deen am Südweste vum Land vum 9. August 2019.

D’Sich geet un

Mir hunn d’Radarbiller an och Fotoen esouwéi Videoen zesummegeluecht fir erauszefannen, wou een dann am warscheinlechsten géif Spueren um Buedem fannen, fir de Fall ze confirméieren. Dëst wier a folgendem Beräich, iergendwou tëscht Essen an dem Colmer Bierg, esouwéi och onwäit vum Reitstall. Ongeféier an dësem Beräich ass de Wirbel entstaanen an huet och déi kräftegst Rotatioun konnten opweisen, ier se um Wee a Richtung Südosten ëmmer weider ofgeholl huet.


D’Sichgebitt fir eis Recherchen | Grafik: Google Maps / Météo Boulaide

Zu Fouss an och per Dron probéiere mir, konvergent Mustere vu Wiss oder soss Vegetatioun an de Felder esouwéi och Bëscher ze fannen. Dat ganzt ass allerdéngs net esou liicht, well et sech heibäi jo ëmt een vun der schwaacher Zort gehandelt huet. Op de Wirbel also en däitleche “Foussofdrock” hannerlooss huet, ass aktuell net gewosst – bei engem méi staarken Tornado wier dat méi offensichtlech.

Mir hu per SkyWatch reagéiert

Mat eisem Warnsystem “SkyWatch” ass et eis och méiglech, Tornadowarnungen ze definéieren. An dësem Fall hu mir opgrond vun der Intensitéit awer drop verzicht an amplaz eng Donnerwiederwarnung fir de weidere Lafwee vun der Zell erausginn, mam Vermierk, dass en Tornado méiglech ass. Schwaach Tornadoen, wéi dëse warscheinlech een war, touchéieren gäre nëmme kuerz de Buedem. Well een vun de Videoen awer schonn no Opléis-Stadium ausgesinn huet, war d’Entscheedung liicht. Fir eise System war et déi éischt Warnung mat enger “Tornado méiglech”-Etikett.