Réckbléck: D’Héichwaasserkatastroph ass elo e Joer hier

De 14. Juli 2021 wéi och d'Nuecht op de 15. Juli 2021 wäerte mir all esou séier net vergiessen. Virun engem Joer hat d'Groussregioun et mat engem Joerhonnert-Héichwaasser ze dinn.

Titelbild: Gerry Huberty via Tageblatt

Schonn Dënschdes, den 13. Juli 2021 ass et lues a lues mat gréissere Reequantitéite lassgaangen. Bei wäitem méi markant waren dunn de Mëttwoch, 14. Juli an d’Nuecht op den Donneschden, 15. Juli, wou onvirstellbar grouss Reenzommen vum Himmel koumen. Wäit iwwer 100 l/m² Reen sinn deemools gefall, haaptsächlech am westleche Mëllerdall/an der Ärenzdallgemeng.

Vill Stroosse ware net méi ze passéieren, de CGDIS huet iwwer 1000 mol missen ausrécken.

Aus meteorologescher Siicht, wat ass deemools geschitt?

Vum 13. Juli un huet sech en Déifdrockgebitt aus dem südwestlechen Däitschland resp. aus dem Alperaum hier a Richtung Norde virubeweegt, dëst awer och nëmme ganz lues. De 14. Juli huet sech ënnert dësem Déif iwwert dem nordwestlechen Däitschland e weideren, méi déif um Buedem baséierten Déifdrockkomplex forméiert, duerch deen fiicht Loftmassen aus Nordostdäitschland a Richtung Südwesten transportéiert goufen. Et huet sech esou eng ganz Strooss u Nidderschléi forméiert, déi sech haaptsächlech op déi westlech geleeë Géigenden an Däitschland konzentréiert huet. Well d’Déifdrockaktivitéit sech nëmme lues verlagert huet, an en Déif eben ronderëmt sech selwer dréint, huet et gefillt ouni Enn laang gereent. Och Lëtzebuerg louch ënnert dëse Reebänner a war direkt un dëser Naturkatastroph mat bedeelegt.


D’Simulatioun vum ICON-Modell deemools den 13. Juli 2021 00UTC bis den Donneschdenomëtten, 15. Juli 2021 | Animatioun: wxcharts.com

Wat Lëtzebuerg betrëfft, huet et besonnesch d’Géigenden ronderëmt d’Ärenzdall an och de Mëllerdall getraff. D’Sträif vun de gréisste Reequantitéiten deemools huet sech vun do aus awer nach e gutt Stéck weider a Richtung Südweste gezunn, wéi beispillsweis esouguer an de Raum vun eiser Haaptstad. D’Wiederstatiounen vun der ASTA wéi och vun der AGE hu Reequantitéite vun tëscht 60 an 100 l/m² gemooss. D’ASTA-Statioun vu Guedber huet tëscht dem 14.07.2021 06 Auer an 15.07.2021 06 Auer mat 105,8 l/m² déi héchst Reenzomm aus dem Land gemooss. Der ASTA no ass dëst den héchsten 24 Stonne-Wäert zanter 1851. Och d’Wiederstatioun vu MeteoLux um Findel huet mat 74,2 l/m² a just 12 Stonnen déi gréisst Reenzomm an dëser Zäit zanter 1947 gemooss.

Quellen: MeteoLux, ASTA, Météo Boulaide

Wéi huet Météo Boulaide deemools gewarnt?

De nationale Warnmanagement steet bis haut a grousser Kritik. Vun offizieller Säit aus sinn déi éischt Warnungen an Hiweiser eréischt den 13. Juli 2021 publizéiert ginn, obwuel do d’Phas vum Dauerreen schonns ugaangen ass.

Iwwer Météo Boulaide an och iwwer mäi perséinleche Profil op Facebook sinn déi éischt Informatiounen zu engem potenziellen Onwieder duerch zolitt Reequantitéiten schonn den 11. Juli 2021 publizéiert ginn. Eng Onwiederwarnung vun der oranger Stuf ass schonn de Méindenowend, 12. Juli 2021 aktivéiert ginn. De Verlaf vun den Informatiounen & Wiederwarnungen opgelëscht:

Onwiederwarnung Stuf ORANGE, erausginn den 12. Juli 2021 um 18:25:

Onwiederwarnung Stuf ROUT, erausginn de 14. Juli 2021 um 18:37:

Informatiounen iwwer perséinleche FB-Profil vum 11. Juli 2021 un:

Warnungen & Nowcast-Informatiounen direkt iwwer Météo Boulaide: