Wéi gesot, war et haut net grad esou naass wéi an de leschten Deeg. Dëst soll awer net esou bleiwen, well et an der zweeter Wochenhallschent erëm méi wäert reenen. Hei ass en Iwwerbléck zu de Quantitéiten.
Advertisement
Bis ewell wäit iwwer 100 l/m²
Haut um Dënschden huet et de Reen e bësse “besser” mat eis gemengt an huet sech net grad esou vill gewisen. Och de Mëttwoch wäert net besonnesch naass ausfalen. E Bléck op d’Reenzommen, baséierend op Radar-Donnéeën, huet et dëse Mount tëscht 100 an 140 l/m² gereent – e Peak hu mir am Westen, wou punktuell esouguer 190 l/m² solle gefall sinn. Mee wéi geet et virun?
Fir d’éischt mol: Déi zweet Wochenhallschent verleeft erëm en Tick méi naass. D’Déifdrockaktivitéit hëlt erëm zou, et zéien erëm e puer Fronten duerch d’Land. Hei mol eng Oplëschtung vun den Donnéeën aus verschidden ausgesichte Modeller bis Enn der Woch:
- GFS: 40 – 60 l/m²
- ECMWF: 25 – 45 l/m²
- ICON: 20 – 35 l/m²
- ACCESS-G: 30 – 60 l/m²
Dëst géif dann en Duerchschnëtt vun tëscht knapp 29 a 50 l/m² erginn. Tëscht dem Mëttwochmëtten an dem Donneschdemëtte soll am meeschten erofkommen, en zweete Peak hätte mir tëscht dem Freiden- a Samsdenowend.