Reen: Bis de Freiden inclus plazeweis nach eng Kéier bis ëm 20 l/m²

Bis de Freiden inclus kënnt nach e bëssen eppes u Reen erof, op mannst mol de Modeller GFS an ECMWF no.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent bis un de Schluss vun der genannter Zäitspaan mat Quantitéite vun tëscht 12 a 25 l/m². Dat meescht gëtt fir de Nordwesten an de Norde vum Land simuléiert, iwwerdeems dat mannst dovun am Südosten erofkomme soll. Den europäesche Modell ECMWF rechent mat tëscht 10 an 21 l/m², de Maximum wier dësem Modell no laanscht den äussersten Westen ze erwaarden.

De franséischen ARPEGE gesäit dat alles däitlech méi entspaant a geet mat 5 bis 12 l/m² un d’Saach run. Sou wéi déi aner ausgesicht Modeller et gesinn, soll am Allgemengen laanscht de Westen mee och am äusserste Norden de meeschte Reen falen. Den däitschen ICON rechent mat 8 bis 21 l/m² a kënnt erëm méi no un dat erun, wat den europäeschen ECMWF berechent.

Hëlt een d’Meenunge vun den ausgesichte Modeller all beieneen an et probéiert een sou gutt et geet op e gemeinsame Nenner ze kommen, da kann ee schonn dovunner ausgoen, dass et an de nächsten Deeg weiderhin zu nennenswäerte Reequantitéite komme wäert. Realistesch gesi kënne mir erëm bei tëscht 10 an 20 l/m² ukomme, plazeweis och driwwer.