Reen bis de Mëttwoch: Gréisser Quantitéiten ze erwaarden

Vun haut un gëtt et méi naass zu Lëtzebuerg. De Reen, deen haut ukënnt, soll bis op mannst de Mëttwoch bei eis bleiwen.

An de nächste Stonne gëtt et méi naass zu Lëtzebuerg. De Reen, deen am Laf vum Méindemëtte bei eis ukënnt, wäert bis op mannst an de Mëttwoch eran unhalen. Et ass mat méi laang unhaalende Schliet ze rechnen, déi och méi kräfteg kënne ginn.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent vun elo un bis de Mëttwoch inclus mat Akkumulatioune vun tëscht 32 a 44 l/m², dat meescht dovu soll laanscht den äusserste Weste vum Land erofkommen. Och den europäeschen ECMWF gesäit dëst esou änlech a rechent mat tëscht 32 a 45 l/m². Dat meescht soll laanscht de Westen, Südwesten an och deels am Norde falen, dat mannst an der Géigend vun Ettelbréck bis eriwwer op Veianen.


ECMWF: D’Reequantitéite bis de Mëttwoch inclus | Grafik: wxcharts.com

Och de franséischen ARPEGE rechent mat erhéichte Quantitéiten, mee net grad esou héich wéi de GFS an den ECMWF: Tëscht 28 an 35 l/m² wieren ze erwaarden, dat erëm besonnesch laanscht de Westen an am äusserste Norden. En Ënnerscheed: och laanscht de Südoste solle gréisser Zomme méiglech sinn. Den däitschen ICON ass mat tëscht 20 an 33 l/m² dobäi an huet de meeschte Reen fir de Westen dran. Den Oste vum Land soll déi niddrëgst Quantitéiten ofkréien.

Hëlt een déi véier ausgesicht Modeller an et kuckt een op e gemeinsame Nenner ze kommen, da wiere Quantitéite vun tëscht 28 a 39,25 l/m² ze erwaarden. Fest steet also: et gëtt immens naass an de nächsten Deeg.