An de nächsten Deeg bleiwe mir ënnert dem Afloss vun enger variabler Westwiederlag. Doduerch ass ëmmer erëm mat naasse Momenter ze rechnen.
Den amerikanesche Wiedermodell GFS gesäit an der Spaan vum Mëttwoch bis de Freiden inclus Reequantitéite vun tëscht 8 a 14 l/m² op eis duerkommen – woubäi et am Südosten an och am Süden am naasste sollt ginn. Den europäeschen ECMWF gesäit änlech Zommen, 7 bis 13 l/m² gi berechent. An enger Sträif laanscht de Norden iwwert den Oste bis an de Südosten era soll dësem Modell no de meeschte Reen falen. De franséischen ARPEGE ass den optimisteschsten ënnert en all, dat mat tëscht 10 an 18 l/m. Och dësem Modell no gëtt de Maximum fir de Südoste vum Land berechent. Fir ofzeschléissen hu mir nach den däitschen ICON, deen mat tëscht 9 a 14 l/m² dobäi ass an de Maximum fir de Nordosten an de Südweste berechent.
De Fazit ass also deen, dass duerchschnëttlech gesinn tëscht 8,5 a 14,75 l/m² bis de Freiden inclus vum Himmel komme sollen.