Reen gëtt rem eng Raritéit

De ganze Weekend iwwer koum et zu Schaueren, um Dënschde kommen déi lescht Drëppsen eroof. Duerno gëtt de Reen rem e raren Artikel.

Méi eng laang Zäit kee Reen

Wéi mir et schon aus dësem Joer gewinnt sinn, steet eis ab dem Mëttwoch rem eng Phase befir, an där et kaum méi zu relevante Reequantitéite komme wärt. Virun allem wann ee sech de GEFS Ensemble ukuckt, bestätëgt sech dësen Trend. Ier et souwäit ass, kënnt et um Dënschden awer nach zu enger Rei Schaueren. Réicht am dem spéidere Nomëtte gëtt et manner wolléckeg ier et spéitstens um Owend och drëche bleift.

Vum Mëttwoch un baut sech e kräftëgt Héich iwwer Mëtteleuropa op, wouduerch d’Zoufuer vun Déifdrockgebitter a Reen aus westleche Richtungen, also vum Atlantik aus, ofgeblockt gëtt. D’Konsequenz: Vill Sonn, puer Niwwelfelder an zréckgoend Temperaturen. Wanterlëch sollt et awer nach net ginn – just Enn November klëmmt de Risk vu glaate Stroossen a Buedemfrascht an de Nuechten.

Weider Informatiounen zum Verlaaf bis Mëtt der Woch an driwwer eraus fannt Dir ënnert dësem Link.

GEFS- Ensemble (meteociel.fr)