Reen & Héichwaasser-Update: Modeller mat 70 bis 100 l/m² bis d’nächst Woch

Zanter dem Update vum leschte Freide bleiwen d’Kaarten zimmlech rout. D’Gefor vun Héichwaasser besteet an de nächsten Deeg also definitiv.

Advertisement

Schold ass eng Westwiederlag

Wéi och am Wocheverlaf schonn gesinn, leie mir ëmmer nach ënnert enger Westwiederlag. Duerch dës geroden aus Westen ëmmer erëm méi Nidderschléi eran, déi zäitweis méi kräfteg kënne sinn oder och mol méi laang unhalen. Bis an enger Woch soll de meeschte Modeller no nach e gudde Batz Reen dobäikommen, wat dozou féiert, dass sech eis Flëss uerdentlech fëlle wäerten – Héichwaasser gëtt ëmmer méi warscheinlech.

D’Berechnungen

Den europäesche Wiedermodell ECMWF rechent bis de Sonndenowend mat akkumuléierte Nidderschlagsquantitéite vun tëscht 50 a knapp 70 l/m². Kucke mir op d’Period vun haut bis de 19. Januar, da ginn eis am Modell esouguer bis zu 100 l/m² ugewisen. Eis steet also nach e bëssen eppes bevir.


D’Reequantitéite vum europäeschen ECMWF bis de 19. Januar | Grafik: wxcharts.com

Den amerikanesche Wiedermodell GFS gesäit bis de Sonndenowend spéit tëscht 30 a 40 l/m² Reen op eis duerkommen, wat jo nach e bësse méi zréckhalend ass wéi dat, wat eis den europäesche Modell bis dohi weist. Maache mir awer och erëm de Bléck bis de 19. Januar, da sollten besonnesch am Weste punktuell mol 60 l/m² dobäi sinn.


D’Reequantitéite vum amerikanesche GFS bis de 19. Januar | Grafik: wxcharts.com

Den héichopgeléisten däitsche Modell ICON-EU gesäit bis de Sonndenowend spéit tëscht 35 a knapp 70 l/m² Reen op eis duerkommen. Méi wäit kann e net kucken, mee och dat ass schonn eng uerdentlech Zomm.


D’Reequantitéite vum däitschen ICON-EU bis de Sonndemoien | Grafik: wxcharts.com

Den Oflaf

Schonn am Laf vum Nomëtten haut um Dënschden erreecht eis aus Westen de nächste Reen a wäert sech eréischt muer de Mëtte berouegen. Den Donneschdemoien hu mir et schonn mam nächste Reegebitt ze dinn, duerch dat et méi zolitt reene wäert. Dëst Reegebitt wäert eis nach bis an de Freidevirmëtten era beaflossen, ier et sech erëm leet. E weidert Reegebitt kënnegt sech fir de Samsdenomëtten-/ Owend un, wat sech bis an de Sonndemoien eran hält.

Och an der nächster Woch géif et dem europäesche Modell fir de Mëttwoch erëm no engem gréissere Nidderschlagsgebitt ausgesinn, dat esouguer a Form vu Schnéi. Den amerikanesche Modell wëll dovun awer näischt wëssen. D’Situatioun gëtt am Aen gehal.