Reen: Méiglecherweis kee Reen bis Mëtt nächster Woch

Wat de Reen betrëfft, ginn et fir déi nächst Deeg keng all ze gutt Neiegkeeten. Et geet dréche virun.

Et geet ze dréchen an d’Mëtt vum September eran

Dowéinst ass den Artikel vun haut och séier geschriwwen. Den amerikanesche Wiedermodell GFS, wéi och den europäeschen ECMWF an och den däitschen ICON rechne mat genee näischt vun elo un bis an de spéidere Sonndenowend eran. Den eenzege Modell, dee geréng Quantitéiten fir minimal warscheinlech gesäit, ass de franséischen ARPEGE. Dëse rechent mat tëscht 0 an 1 l/m². Op dës Ugab sollt ee sech awer net verloossen.

Wéini gi Nidderschléi dann erëm méi warscheinlech? Den héije Loftdrock hält mol nach zimmlech sécher bis de Mëttwoch mat. Bis dohi bleift et summerlech bis héichsummerlech, plazeweis ginn och Temperature vun iwwer 30 Grad areecht. An der zweeter Wochenhallschent kéint et da liicht méi onbestänneg ginn, dat duerch d’Warscheinlechkeet vun eenzelne Wiederen. Dës Warscheinlechkeet ass déi nächst Geleeënheet fir nennenswäerte Reen zu Lëtzebuerg – op mannst mol op klengstem Raum.